Radioen

On air

9 bis 1  |  Alfie Templeman, Nile Rodgers - Just A Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Gasstocken an Europa sinn zu 90 Prozent gefëllt

2 Méint virun der Deadline

D'Gasstocken an Europa sinn zu 90 Prozent gefëllt

D‘EU wier deemno prett fir den nächste Wanter, huet d‘EU-Kommissioun haut matgedeelt. An Zuelen ausgedréckt sinn dat bal 92 Milliarde Meter Kipp Gas.

auto_stories

1 min

Gasspeicher | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt

Wéinst dem russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain haten déi 27 EU-Memberstaaten am Juni 2022 e gesetzleche Kader gestëmmt fir all Joer op den 1. November d‘Gasstocken an Europa bis zu 90 Prozent ze fëllen, fir hir energeetesch Autonomie ze stäerken an d‘Ofhängegkeet vum russesche Gas ze reduzéieren.