Dat krute mir op Nofro hi matgedeelt. A Frankräich wier dat verschidde Medieberichter no awer de Fall.
D‘Killsystemer vun de Frigoen an de betraffene Supermarchéen wieren à distance op 50 Grad eropgesat ginn, esou FranceInfo.
Déi betraffe Geschäfter missten all d‘Produiten aus de Frigoen an aus den Tiefkühl-Rayonen ewech geheien.
Paräisser Parquet lancéiert Enquête
Viséiert wiere Frigos-Systmer vun Danfoss. Den dänesche Fabrikant confirméiert d‘Virfäll och géintiwwer FranceInfo – seet awer, d‘Majoritéit vun de betraffenen Apparater wiere vereelzt an hätte scho laang missten duerch neier ersat ginn.
De franséische Premier Sebastien Lecornu huet déi national Dateschutz-Autoritéit saiséiert. De Parquet vu Paräis huet eng eegen Enquête lancéiert.