D‘Narges Mohammadi ass Vizepresidentin vum iraneschen Zentrum fir d‘Verdeedegung vun de Mënscherechter, dee vun der Friddensnobelpräislaureatin Shirin Ebadi geleet gëtt. Si gouf wéinst hirer Memberschaft an deem Zentrum eng Rei Kéiere verhaft a sëtzt aktuell och am Iran am Prisong.
De Friddensnobelpräis ass mat ëmgerechent ronn 950.000 Euro dotéiert. Wien nieft dem Gewënner nach nominéiert war, am Ganze gouf et dëst Joer 351 Kandidaten, bleift traditionell 50 Joer laang geheim.