Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Big Bull

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mat Déngschtwaff geschoss: Suspendéierte Polizist kritt 2 Joer Prisong mat Sursis

Stater Geriicht

Mat Déngschtwaff geschoss: Suspendéierte Polizist kritt 2 Joer Prisong mat Sursis

Zwee Joer Prisong mat Sursis an eng Geldstrof vun 3.000 Euro. Dat war d’Urteel, am Nomëtten, um Stater Geriicht am Prozess ëm de Schosswaffegebrauch vun engem suspendéierte Polizist.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Ex-Polizist hat am Abrëll 2021 moies fréi am Appartement vu senger deemoleger Frëndin zu Bouneweg 5mol mat senger Déngschtwaff geschoss; ee Schoss hat hie selwer um Bee blesséiert. Fir d’Polizisten, déi op d’Plaz komm waren, hat et dono ausgesinn, wéi wann d’Frëndin vum Polizist Angscht hat.

Zwee Joer „raisonnabel par rapport zu de Virwërf“

D’Me Nora Dupont, Affekotin vum deemolege Bodyguard vum Haff, war gëschter Mëtten an enger éischter Reaktioun net onzefridde mat deem Urteel.

Eng fest Prisongsstrof hätt si „extrem erféiert“. Zwee Joer wiere par rapport zu de Virwërf awer raisonnabel.

"Bon, ech hunn natierlech elo héieren, dass op verschiddene Strofdoten, wou ech den Acquittement gefrot hat, et kee gouf. Dat heescht do musse mer elo d’Motivatioun kucken a kucken, ob mer weiderfueren oder ob mer dat sou hinhuelen."

Iwwerrascht iwwer komplette Sursis

Datt fir d’Prisongsstrof vun zwee Joer de komplette Sursis gëllt, huet d’Me Nora Dupont souguer e bëssen iwwerrascht.

"Ech hat éischter mat engem Sursis probatoire gerechent, wat och ganz ok gewiescht wier. Ech mengen, dat ass eng Mesure, déi do ass, an dat ass eng Mesure, déi ganz gutt ass, a verschiddenen Affären."

D’Vertriederin vum Parquet hat an hirem Requisitoire, nieft enger méi héijer Prisongsstrof, eben e Sursis probatoire gefrot. D’Oplo fir de Mann sollt an enger psychotherapeutescher Begleedung bestoen.

Lauschterenplay_arrow