arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréieren dänesche Grönlandminister: "D'NATO riskéiert ze implodéieren"

100,7-Interview

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Fréieren dänesche Grönlandminister: "D'NATO riskéiert ze implodéieren"

Dee fréieren dänesche Grönlandminister Tom Høyem huet schaarf Kritik um NATO-Generalsekretär Mark Rutte geüübt. Als Invité vum Dag sot hien am 100,7 Interview, de Mark Rutte géif sech verstoppen, wann et ëm dem Donald Trump seng Aussoen zu Grönland geet.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Tom Hoyem | © picture alliance / dpa | Uli Deck
Tom Hoyem (Foto: picture alliance / dpa | Uli Deck)

D’Ausso vum US-President, datt een d’NATO als USA net bréicht, mee ëmgedréit, géif awer bedeiten, datt d’NATO an enger grousser Kris wier.

Schaarf Kritik um Mark Rutte 

Dofir hofft den Tom Høyem, datt de Mark Rutte als NATO-Generalsekretär endlech Stellung bezitt. 

"Ich hoffe, dass jetzt endlich Mark Rutte, er ist der Generalsekretär für NATO und NATO ist nahe zu implodieren, dass er endlich jetzt etwas sagt und macht, weil bis jetzt war er ganz versteckt und hat eigentlich bis jetzt nur peinlich,Trump gelobt und ihn Daddy genannt und hat gesagt, dass die Grönland-Krise hat mit der NATO nichts zu tun hat."

Dës Woch wier wuel eng Schicksalswoch, esou nach den Tom Høyem.

Dat, well ënner anerem den däitschen Ausseminister Johann Wadephul an och dänesch a grönlännesch Vertrieder:innen den US-Ausseminister Marco Rubio fir Gespréicher treffe wäerten.

Militäresch Interventioun weiderhin onwarscheinlech

Eng militäresch Interventioun säitens den USA hält den Tom Høyem allerdéngs fir onwarscheinlech. 

"Ich denke nicht, eine Militäraktion reell ist, und das ist ganz einfach auch der Grund, dass es nicht notwendig ist. Man hat Amerika, Thule-Airbase, und selbstverständlich kann man mit ganz wenigen Leuten, falls man das wünscht, Grönland übernehmen, weil Grönland hat nur 56.000 Einwohner. Aber das ist nicht die Hauptsache. Die Hauptsache ist, dass die Konflikte in der NATO müssen wir jetzt wirklich beruhigen."

Iwwerdeems huet den Tom Høyem d’Gefill, datt Onofhängegkeetsbestriewunge vu Grönland géintiwwer Dänemark manner gi wieren.

Nom Donald Trump sengen Drounge géifen nämlech ëmmer méi Grönlänner soen, datt si wéilten Deel vun Dänemark bleiwen.

Lauschtert dee ganzen Interview mam fréieren dänesche Grönlandminister

play_arrow Lauschteren