search

/ Fréiere franséische Weltklass-Tennisspiller Henri Leconte op Besuch zu Esch

Sport

|
reading time

1 min

headphones

11 min

play_arrow

Fréiere franséische Weltklass-Tennisspiller Henri Leconte op Besuch zu Esch

Den Tennis-Begeeschterten aus den 80er an den 90er Joren ass den Numm Henri Leconte e Begrëff. Op Karfreideg war de franséische Weltklass-Spiller zu Esch am Elysis-Fleegeheim, fir seng Autobiographie "Balles neuves" ze presentéieren. De fréieren Tennisprofi war awer net nëmmen dofir am Grand-Duché.

reading time

1 min

headphones

11 min

play_arrow
Henri Leconte, fréiere franséische Weltklass-Tennisspiller | © Boris Patzek
Henri Leconte, fréiere franséische Weltklass-Tennisspiller (Foto: Boris Patzek)

Deen haut 62 Joer ale Fransous war 1986 d’Nummer fënnef vun der ATP-Weltranglëscht.

1991 huet hien zesumme mat der franséischer Daviscup-Ekipp seng gréisste Victoire gefeiert. D'Daviscup-Ekipp huet deemools scho bal sensationell d’Final géint d’USA gewonnen.

Den Henri Leconte huet zwee vun dräi Punkte markéiert. De geniale Clown, wéi de Lénkshänner genannt gouf, war bei eisen Noperen awer ni esou beléift, wéi de Yannick Noah.

De ganzen Interview kënnt Dir hei lauschteren.

play_arrow Lauschteren