search

/ Fréiere Prënz Andrew trotz lafender Enquête nees op fräiem Fouss

Affär Epstein

|
headphones

1 min

Fréiere Prënz Andrew trotz lafender Enquête nees op fräiem Fouss

Den Andrew Mountbatten-Windsor gouf gëschter Owend nees vun der Police fräigelooss. D'Enquête géint de fréiere brittesche Prënz geet awer virun. Hie gëtt wéinst Mëssbrauch vun engem ëffentlechen Amt verdächtegt.

headphones

1 min

De Brudder vum Kinnek Charles war gëschter Moie festgeholl ginn. D‘Police huet zwou Proprietéiten duerchsicht.

Vertraulech Dokumenter un den Epstein geschéckt 

Den Andrew steet am Verdacht a senger Zäit als Handels-Emissaire dem verurteelte Sexualverbriecher Jeffrey Epstein vertraulech Dokumenter geschéckt ze hunn iwwer Investitiouns-Méiglechkeeten am Afghanistan a Visitten a China, Vietnam a Singapur. Deementspriechend Emaile goufe viru Kuerzem vun der BBC an aner brittesche Medien an den Epstein-Dokumenter entdeckt, déi an den USA verëffentlecht goufen.

De Kinnek Charles hat gëschter no der virleefeger Festnam vu sengem Brudder an engem Statement verséchert, d‘Enquête misst hire Laf huelen an hie géif voll mat der Police kooperéieren.

An der Epstein-Affär gouf den Andrew och vun der Virginia Guiffre beschëllegt, si sexuell mëssbraucht ze hunn. Den Andrew Mountbatten dementéiert dat. D‘Virginia Guiffre hat sech d‘lescht Joer d‘Liewe geholl.