Radioen

On air

Notturno  |  Aphex Twin - In A Room7 F760

play_arrow Live
arrow_back_ios

Mediathéik

Mediathéik

/ Claude Lamberty reagéiert op Sträit am Hesper Gemengerot

Kommunalpoliteschen Zodi zu Hesper

Claude Lamberty reagéiert op Sträit am Hesper Gemengerot

Schonn am Virfeld huet den CSV-Buergermeeschter hefteg géint verschidden Oppositiounsvertrieder ausgedeelt. "De 14. Mäerz rabbelt et am Gemengerot. Do kritt dat Kallef vun de Ron a säin Alkolyt Godefroid den Dicks geriicht". Dat hat d'Tageblatt d'lescht Woch aus enger Mail zitéiert. Am 100,7-Interview reagéiert den éischte Schäffen an DP-Politiker Claude Lamberty.

auto_stories

2 min

headphones

9 min

Claude Lamberty | © Chris Zeien play_arrow
Claude Lamberty (Foto: Chris Zeien)

Gemengt waren an där Mail vum Marc Lies un déi lokal CSV-Sektioun dee grénge Conseiller Stephen de Ron an den LSAP-Conseiller Mathis Godefroid. 

Et geet ëm en inhaltlechen Debat

De Claude Lamberty seet am 100,7-Interview, datt een an enger Demokratie mat esou "Aussoen" net géif weiderkommen. Elo géif et drëm goen en inhaltlechen Debat ze féieren. Et wier zu dëser Situatioun koum, well d'Oppositioun Froen zu engem Fall gestallt hätt, iwwer deen een net vill hätt kéinte soen, esou de Claude Lamberty. Dat well de Fall an engem Huis clos behandelt gi wier. Mëttlerweil wieren awer vill Informatiounen dobaussen. 

“Souguer den Inneministère huet dem Schäfferot seng Positioun an der Prozedur bestätegt."

D'Feelverhale vun engem Beamte wier iwwer e funktionéirende System fonnt ginn. An de Beamte gouf suspendéiert, sou de Claude Lamberty. 

"Net mat Kanounen op Spatze schéissen"

E Freideg am Gemengerot géif et elo net drëm goen engem den Dicks ze riichten. Et sollt een elo net mat Kanounen op Spatze schéissen, mee dat géif awer fir béid Säite gëllen. 

“Well fir ze streide brauch een der ëmmer zwee.” 

Hien mengt iwwerdeems, datt de Buergermeeschter Marc Lies "dat esou agesinn hätt" an datt et e Freideg e ganz normale Gemengerot wäert ginn. 

Lauschterenplay_arrow