Du bass virwëtzeg, gees gären op Entdeckungsrees duerch Lëtzebuerg a wëlls wëssen, wat eis Gemengen, Stied an Dierfer esou besonnesch mécht?
Fir d'Rubrik "Duerfgepëspers" entdecks du interessant Plazen, begéins aussergewéinleche Mënschen a gëss Ablécker an d'Duerf- a Veräinsliewen, a lokal Traditiounen a Spezialitéiten.
Däi Profil:
• E grousst Interessi un de Mënschen, hire Geschichten an dem Liewen an den Dierfer
• E Gespier fir interessant Themen, déi Lëtzebuerg begeeschteren a beschäftegen
• D’Fäegkeet, Geschichten op eng lieweg, authentesch an ënnerhalend Aart ze erzielen
• Eng agreabel Stëmm mat gudder Diktioun an Aussprooch
• Kreativitéit, Virwëtz a Freed drun de Kontakt mat Leit ze sichen
• Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) esouwéi deenen aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
• Erfarung am Radio-, Podcast- oder Social-Media Beräich ass vu Virdeel
Mir bidden:
• E professionellen Encadrement an enger motivéierter Ekipp
• E Freelance-Kontrakt iwwer eng Saison, dee ka verlängert ginn
• Perspektiv fir eng längerfristeg Zesummenaarbecht
Interesséiert?
Da schéck eis deng Kandidatur bis den 18. November 2026 op rh@100komma7.lu.