D'lescht Woch sinn do ronn 8.500 Migrante mat 200 Booter ukomm, dat si méi Leit, wéi Awunner op der Insel liewen. Doduerch steet d'Insel tëscht Sizilien an Nordafrika staark ënner Drock an d'Diskussioun ronderëm déi europäesch Solidaritéit fir d'Flüchtlingen opzedeelen, ass relancéiert.
Déi italieenesch Regierung soll de Mëtteg nei Mesuren decidéiere fir d'Migratioun aus afrikaneschen an anere Länner ze bremsen.
Déi riets italieenesch Premier Ministesch Georgia Meloni hat gëschter och Mesurë vun der EU gefuerdert. D'EU misst Accorde mat afrikanesche Länner maache fir Migranten dervun ofzehalen, an Europa wëllen ze flüchten. D‘Kommissiounspresidentin huet en 10-Punkte Plang annoncéiert fir Italien z'ënnerstëtzen. Ënnert de proposéierte Mesuren ass eng verstäerkten Iwwerwaachung vun de Migratiouns-Routen am Mëttelmier.