Radioen

On air

Notturno  |  Leo Robinson - The Serpent

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Franséisch Walen zu Lëtzebuerg: "Alles dat hutt Dir schonn an dësem Land"

Parlamentswalen a Frankräich

Franséisch Walen zu Lëtzebuerg: "Alles dat hutt Dir schonn an dësem Land"

D’Cécilia Gondard kandidéiert zu Lëtzebuerg fir den Nouveau Front populaire. D'Sozialistin lueft verschidde sozial Mesuren zu Lëtzebuerg a fënnt, datt de Grand-Duché e Virbild fir Frankräich soll sinn.

auto_stories

3 min

headphones

14 min

Cécilia Gondard | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

E Sonndeg, nëmme 4 Wochen nodeems de franséische President Emmanuel Macron d’Assemblée nationale opgeléist huet, ass den éischten Tour vun den Neiwale vun deem Parlament. Den zweeten Tour ass dann dee Sonndeg drop. Gewielt gi 577 Deputéierter: Een an all Circonscriptioun.

Nieft de Walbezierker a Frankräich an an de franséischen Iwwerséi-Gebidder, ginn et och 11 Circonscriptiounen am Ausland. Sou hunn d’Fransousen, déi an de Benelux-Länner liewen, ee Vertrieder an der Assemblée nationale zegutt. D’Sozialistin Cécilia Gondard kandidéiert ënnert der Etiquette vum Nouveau Front populaire fir dat Mandat.

Cécilia Gondard: D'Allianz vun de Lénksparteien ass staark

Fir si ass kloer, datt am Fall vun enger Victoire vun der Gauche bei de Parlamentswalen den nächste Premierminister e Personnage misst sinn, deen net spléckt. Ouni e mam Numm ze nennen, huet si de Jean-Luc Mélenchon domat de facto also zukünftege Regierungschef ausgeschloss.

D’Cécilia Gondard huet iwwerdeems och keen Zweiwel drun, datt d’Allianz vun de Lénksparteien, déi jo an der Urgence entstan ass, och iwwert de 7. Juli eraus zesummenhält.

"On vote tous ensemble et on s'accorde déjà sur toutes les mesures sociales, sur toutes les questions écologiques, on vote déjà toutes et tous ensemble à l'Assemblée nationale. Donc cette alliance, elle existe dans la logique gauche-droite qu'on a toujours en France, contrairement à ce qu'on voudrait nous faire croire."

Bei de Parlamentswalen a Frankräich trieden déi nächst zwee Sonndeger dräi Bléck géinteneen un: Déi bescht Chancë ginn d’Sondagen am Moment dem Rassemblement National a sengen Alliéierten. Déi sougenannte Macronisten, déi hannert dem President stinn, si wäit ofgeschloen.

Zweetstäerkst Kraaft ass – wann ee sech d’Ëmfroen ukuckt – aktuell den Nouveau Front populaire, also d'Allianz vu Lénksparteien. Si betount, datt dës Allianz scho virun de Walen am Fong esou eppes wéi eng Koalitioun gewiescht wier. Eppes, wat net an der 'culture fançaise' géif leien.

"Moi j'ai vécu en Allemagne, aux Pays-Bas, en Belgique, donc j'ai eu l'habitude de régimes parlementaires où on a des coalitions. Mais je pense que oui, on a une coalition, c'est une forme de coalition qui se prépare, et surtout autour d'un projet: (...) l'écologie c'est important, le social aussi."

Lëtzebuerger Sozialstaat als Virbild

Et ass eng rau Walcampagne, déi Frankräich am Moment erlieft, mat haarden Ausenanersetzungen, a ville perséinlechen Attacken.

D’Cécilia Gondard sot, dee schaarfen Toun wier och déisäits de franséische Grenzen ze spieren. An de President Macron wier dorun net onschëlleg.

"Le président parlait de guerre civile avant-hier. Pour nous c'est vraiment irresponsable. On a envie d'une France qui soit apaisée, qui s'occupe enfin de l'urgence écologique et qui aille aussi répondre aux attentes sociales qu'on a en France."

Et misst ee sech fir sozial Mesurë staark maachen, wéi zum Beispill eng Indexatioun vum Salaire oder méi Egalitéit tëschent Fraen a Männer. Alles Saachen, déi een zu Lëtzebuerg schonn hätt, esou d’Cécilia Gondard.

"Vous avez déjà réussi à obtenir tout ça dans ce pays. Et c'est aussi pour ça que les Français viennent vivre ici, c'est parce qu'ils apprécient votre système social."

Genau dofir wéilt ee sech elo och a Frankräich fir all dës Mesure staark maachen, huet d’Sozialistin zum Schluss betount.

Lauschterenplay_arrow