Zu Saint-Étienne, net wäit vu Lyon fort, ass der franséischer Douane e spektakuläre Coup gelongen. An engem Peage hunn d’Douanieren an engem Camion deen ënnert anerem Blumme-Buedem transportéiert huet 1,2 Tonnen Kokain séchergestallt.
Drëttgréisste Saisie u Land
De Camion wier an Holland immatriculéiert, an aus Spuenien a Richtung Antwerpen an der Belsch ënnerwee gewiescht, esou déi lokal Autoritéiten. Datt de Camion mat zwee Chauffeuren ënnerwee war, wier éischter ongewéinlech. Doropshin hätt d’Douane decidéiert de Camion ze kontrolléieren.
"On a vérifié les documents afférents au transport de la marchandise. Ils évoquaient un transport de terreau entre Valence et Anvers. Et on peut s'interroger légitimement de l'utilité économique de transporter du terreau d'Espagne en Belgique"
Dat sot de Chef vun der Ekipp, der franséischer Presseagence AFP. En drëtte Mann, de responsabel war fir de Camion ze iwwerwaachen, wier och nach u Bord vum Camion gewiescht.
Jeeweils 1.145 kg Kokain, opgedeelt op 998 Päck, wieren am Camion ënnert jeeweils 500kg Blumme-Buedem verstoppt gewiescht, esou déi franséisch Douane. Et hätt Stonne gedauert d'Wuer fräizeleeën.
Wäert vun iwwer 75 Milliounen Euro
Et ass déi drëttgréisste Saisie déi an de leschte fënnef Joer am franséische Stroosseverkéier gemaach ginn ass. De gréisste Coup bis elo war am Joer 2025 an der Géigend Tours, wou 1,5 Tonne Kokain fonnt gi waren.
De geschate Wäert um Schwaarzmaart vun dëser Saisie gëtt op iwwer 75 Milliounen Euro geschat. Dëse Präis kéint sech nach verdräifache jee no Qualitéit vun de beschlagnaamten Drogen, esou de Jean-Pierre Chappuis Directeur vun der lokaler Douanes. Ee Gramm Kokain géif um franséische Schwaarzmaart aktuell ronn 57 Euro kaschten.