Radioen

On air

Tockcity  |  Franz Ferdinand - Hooked

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: éischt gréng Prête fir d'Atomzentralen

Atomenergie

Frankräich: éischt gréng Prête fir d'Atomzentralen

Déi franséisch Atomindustrie huet haut, iwwer den EDF (Électricité de France) Konzern eng éischte Kéier gréng Prête fir hier Atomzentralen ënnerschriwwen. Dës Prête sinn eigentlech fir gréng an nohalteg Energieinvestitiounen bestëmmt.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Mat där neier europäescher Taxonomie fält elo och d‘Atomenergie dorënner. Dat ass e Klassifikatiounssystem, dee vun der EU agefouert gouf, fir privat Investitiounen an ekonomesch Aktivitéiten ze mobiliséiere, déi fir nohalteg gehale ginn. 

Am Juli 2022 gouf d'Nuklearenergie offiziell vum EU Parlament als nohalteg Energie ageschriwwen. Eng kontrovers Entscheedung, déi fir vill Diskussioun gesuergt huet. 

Ronn 5,8 Milliarden Euro u gënschtege Prête ginn elo genotzt fir d‘Lafzäit vun de franséischen Atomzentralen ze verlängeren. Déi franséisch Atomenergie ëmfaasst 56 Reakteren.