Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frankräich: Urteel am Prozess géingt de Justizminister gëtt haut erwaart

Eric Dupond-Moretti

Frankräich: Urteel am Prozess géingt de Justizminister gëtt haut erwaart

Zu Paräis gëtt de Mëtteg d‘Urteel am Prozess géint de franséische Justizminister erwaart. Den Eric Dupond-Moretti muss sech wéinst presuméiertem Interessekonflikt virum Geriichtshaff vun der Republik veräntwerten. Et ass déi éischte Kéier, datt ee Minister, deen am Amt ass, virun deem Geriicht steet.

auto_stories

1 min

Den Eric Dupond-Moretti. (Foto: picture alliance / NurPhoto | Andrea Savorani Neri)

D‘Uklo huet ee Joer Prisong mat Sursis gefuerdert. Déi maximal Strof ass fënnef Joer Prisong an eng Geldstrof vun enger hallwer Millioun Euro.

Den Eric Dupond-Moretti kritt virgehäit, seng Positioun als Justizminister ausgenotzt ze hu fir Sträitfäll aus senger Zäit als Affekot ze reegelen.

Hien dementéiert d‘Virwërf. Wann hie verurteelt gëtt wäert de Justizminister mat grousser Warscheinlechkeet net an der Regierung kënne bleiwen.