Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Françoise Kemp: Eng pragmatesch a sozial engagéiert Deputéiert

Portrait

Françoise Kemp: Eng pragmatesch a sozial engagéiert Deputéiert

Fuerschung, Gesondheet an Digitaliséierung. Dat sinn d‘Prioritéite vun der CSV-Deputéierter Françoise Kemp. Si ass d‘lescht Woch an d‘Chamber nogeréckelt. Bei de Gemengewalen am Juni war si zu Diddeleng als Zweet fir hir Partei an de Gemengerot gewielt ginn. Déi jonk Politikerin gesäit sech éischter am soziale Flillek vun der CSV. Wien ass d‘Françoise Kemp? D'Paule Rodesch mat engem Portrait.

auto_stories

5 min

headphones

6 min

play_arrow
Nei fir d'CSV an der Chamber: d'Françoise Kemp. (Foto: Paule Rodesch)

D'Françoise Kemp ass 32 Joer al, huet ee Master an der Mathé an duerno nach en Doktorat an der Biomedezin gemaach. Duerno huet Sie eng nach Zäitchen weider an der Fuerschung geschafft, iert Si ee nach ee Postdoktorat an der Biomedezin gemaach huet. Duerno ass Si op de Familljeministère an d‘Cellule de recherche et analyses de données et statistiques schaffe gaang.

Do war d‘Françoise Kemp eréischt zanter Februar. Déi Plaz huet si mam Anzuch an d‘Chamber elo missten opginn. Eng Staatsplaz ass inkompatibel mat engem Deputéiertemandat.

"Ech hunn et immens schued fonnt, mäin Job opzeginn. Einfach well et een Job war, dee mir richteg vill Spaass gemaach huet. Et war eng Intersectioun tëscht Recherche, dem Milieu wou ech hierkommen, an dann deem Volet vum Sozialen, wat mir immens vill Spaass gemaach huet. Ech si wierklech traureg, datt ech deen Job leider net méi däerf weidermaachen."

Soziale Volet a Kënschtlech Intelligenz 

De soziale Volet bleift der Françoise Kemp awer wichteg. Si ass och privat an deem Beräich aktiv, ënnert anerem bei der Associatioun Diddeleng Hëlleft a bei de Scouten, wou si reegelméisseg mat Kanner géif schaffen. An dee Bagage wéilt si och mat an d‘Chamber bréngen.

"Ech hunn d‘Familljekommissioun mat iwwerholl an och den Travail wou et och definitiv drëm geet seng Akzenter ze setzen an deem Beräich vum Sozialen."

An der Chamber huet d‘Biomedezinerin och ënnert anerem d‘Vizepresidence vun der Kommissioun fir Héichschoul, Recherche an Digitaliséierung iwwerholl. D‘Françoise Kemp wëll sech virun allem an de Beräicher Gesondheet, Fuerschung an Digitaliséierung abréngen. De Projet vum E-Wallet, also dem elektronesche Portemonnaie, géif si besonnesch intresséieren. Awer och den Domän vun der Kënschtlecher Intelligenz.

"Well a mengem Doktorat an duerno a mengem Postdoc hunn ech och domat geschafft. Dat heescht, mir haten Artificial Intelligence genotzt fir ze analyséieren, wéi eng Aart vun Tumor et ass. An ech mengen, do geet et drëm definitiv als Lëtzebuerg Virreider ze ginn an der AI an do muss d‘Politik dee Schratt an déi Richtung definitiv mat begleeden."

Politik um Kichendësch

D‘Politik misst och wat d‘Datebaséiert schaffen ubelaangt eng Schëpp Kuele bäileeën.

"Well mir hunn immens vill Donnéeën, déi ronderëm sinn, awer déi mir net verwäerte fir Politik ze gestalten. An ech mengen, datt mir déi Donnéeë méi aktiv mussen an Datebanke stockéieren an dann eben notzen, fir d‘Politik ze gestalten."

D‘Françoise Kemp wierkt pragmatesch. Si ass direkt, bréngt d‘Saachen op de Punkt. Do kéim d‘Mathematikerin aus hir eraus, laacht si am Gespréich. Do géif et och just ee richtegt Resultat ginn an et kéint een net laang drëm ronderëm schwätzen. Wéi kënnt een eigentlech vun der Mathé an der Biomedezin bei d‘Politik? Duerch d‘Famill, ass et d‘Äntwert

"Doduerch, datt mir ëfters Sonndes beim Mëttegiessen iwwer Politik diskutéiert hunn. Datt et een Hin an Hir war tëscht menger Bom a mengen Elteren, mat pro a kontra zu deene verschiddenen aktuellen Theemen. An esou sinn ech da lues a lues mat an d‘Politik komm, einfach duerch déi Debattekultur."

Eng Kultur déi och bei der Schwëster, Martine Kemp, Spueren hannerlooss huet. Si ass Enn Oktober fir de Christophe Hansen als CSV-Europadeputéiert an d‘Europaparlament nogeréckelt. D‘Françoise Kemp gesäit dat als grousse Virdeel.

"Ee ka vun deem anere léieren, ee kann deen aneren ënnerstëtzen, an ech mengen, dat ass eis Chance, déi mir als Duo hunn."

CSV: déi Partei, déi "am Beschte bei mech gepasst huet"

Allebéid sinn d‘Schwësteren an der CSV. Sou wéi och schonn de gréissten Deel vun der Famill. De Bäitrëtt bei déi Chrëschtlech-Sozial wier de logesche Choix gewiescht, mengt d‘Françoise Kemp.

"Ech mengen et war déi Partei, déi am Beschte bei mech gepasst huet a meng Iddien a meng Wäerter."

Zesumme mat hirer Schwëster gehéiert d‘Françoise Kemp zu deene jonke Gesiichter an der CSV. D‘Partei huet ugefaangen, eng nei Generatioun erop ze bréngen. Dëse Renouveau kéint een den Ament an all Partei observéieren, mengt d‘Françoise Kemp.

"Iwwerall si Jonker nogerutscht an ech mengen et ass lo wierklech d‘Chance ze notzen, vun den Alen ze léieren an als Jonke mat deem Bagage, deen een da vun deenen Anere mathuele kann, eng Politik fir d‘Zukunft vum Land ze maachen."

Wou gesäit si sech selwer an dëser Equatioun, ass et eng lescht Fro un d‘Françoise Kemp. Wat sinn hir Ambitiounen an der Politik?

"Ech mengen, dat entwéckelt sech an deenen nächste fënnef Joer. Ech hunn elo fënnef Joer Zäit, Stellung ze huelen, meng Dossieren ze erschaffen, meng Meenungen ze bilden a meng Meenung no baussen ze bréngen a meng Iddien a Wäerter. An ech mengen an deenen nächste fënnef Joer gesi mer wou de Wee higeet."

Lauschterenplay_arrow