Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Valentiny: “Dës Affär huet mäi Liewe verpescht"

Geriicht

François Valentiny: “Dës Affär huet mäi Liewe verpescht"

“Dës Affär huet mäi Liewe verpescht. Ech hunn een zimmlech grousse Schued. Mir kréien ni méi een Optrag vun enger Gemeng.” Dës Wierder huet de François Valentiny gëschter um drëtten Dag vum Prozess géint de Schengener Schäfferot gebraucht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Den Architekt sot, et wier net ze erdroe gewiescht, datt sou perfid mat engem géif ëmgaange ginn. Hie wier nämlech fir d’éischt vun der Gemeng demontéiert ginn, du wiere seng Duechter an eng Partnerin aus dem Büro harceléiert ginn, an zu gudder Lescht nach d’Awunner belu ginn, esou de François Valentiny viru Gericht. 

Gouf een aneren Architektebüro favoriséiert?

Fir de François Valentiny hätte sech d’Gemengeresponsabel heimat inzenéiert, kuerz virun de Gemengewalen. Do virdrun hätt et, wat de Schoulcampus Baggerweier zu Rëmerschen ugeet, op eemol keng Transparenz méi ginn an e Sift an der Kommunikatioun tëscht der Gemeng a séngem Büro.

Och d’Duechter vum François Valentiny huet gemengt, et wär zu engem gewëssene Moment problematesch gi mam ugeklote Gemengentechniker. Si hätt d’Gefill gehat, datt deen den aneren Architektebüro favoriséiere géif.

D'Enn vun der Ära Valentiny zu Schengen?

Datt een no där ominéiser Gemengerotssëtzung vum Mee zejoert och am Ausland op dee Virfall ugeschwat gouf, kéim engem Doudesurteel gläich. Si wier sech och sécher, datt d’Gemengeresponsabel mam Coup, fir de Büro Valentiny aus dem Projet erauszegeheien, bei de Gemengewale Stëmme wollte maachen. Ee Mataarbechter aus dem Büro Valentiny huet iwwerdeems betount, ee Privatmann hätt him virun engem knappe Joer erzielt, datt de beschëllegte Gemengentechniker Jore virdru gesot hätt, d’Ära Valentiny wier zu Schengen eriwwer.

Michel Gloden: Et geet ëm Éier an Dignitéit

De Gemengentechniker huet dementéiert, sou eng Ausso gemaach a Faveure vun deem aneren Architektebüro kritt ze hunn. De Buergermeeschter Michel Gloden sengersäits huet eng Diffamatioun vum Büro Valentiny contestéiert: Et wier net drëms gaangen, fir deen an d’Pan ze klaken. Et hätt ee sech just ee Moment als Gemeng gesot, datt et bei dësem Projet net hätt solle sinn, sou de Buergermeeschter, fir deen et an dëser Affär ëm seng Éier an Dignitéit géif goen.

An iwwerdeems den 1. Schäffen Tom Weber sot, hien hätt kee wëlle schlecht maachen, andeems hien zejoert sot “Mir ginn eis net eens.”, war den zweete Schäffe Jean-Paul Müller guer net an där ominéiser Gemengerotssëtzung, mee deen Dag am Ausland

Am Donneschdegnomëtte kéint dëse Prozess um Stater Geriicht op en Enn kommen.

Lauschterenplay_arrow