Radioen

On air

Notturno  |  Modern Nature - Performance

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: Keng nei Tramslinn an der Uewerstad ee "risege Feeler"

Keng Prioritéit bis 2035

François Bausch: Keng nei Tramslinn an der Uewerstad ee "risege Feeler"

Déi liberal Mobilitéitsministesch Yuriko Backes confirméiert, datt d’Pläng fir eng Tramslinn iwwer d’Porte Neuve an de Boulevard Royal op Äis geluecht goufen. Fir de fréieren Transportminister François Bausch wier dat ee "risege Feeler".

auto_stories

1 min

De Stater blo-schwaarze Schäfferot hat virgëschter op Nofro hi gesot, déi Tramslinn wier keng Prioritéit bis 2035, well een net wéilt, datt Autosspueren ewechfalen.

D’Ministesch Yuriko Backes seet, dowéinst hätten elo aner nei Tramslinne Prioritéit.

“Wann mir elo net direkt weiderkommen op der Porte Neuve, well dat eben elo net néideg ass, laut Informatiounen an Dokumentatioun vu Luxtram, ass eben do d‘Prioritéit, fir op deenen anere Strecke weiderzekommen. An dat huet keen negativen Impakt op de Reseau, sou wéi en haut ass.”

Fir déi gréng Oppositioun wier dat e "risege Feeler", esou de fréiere Mobilitéitsminister François Bausch am 100,7-Interview. déi gréng hätte gëschter dofir e Bréif un de Chamberpresident geschriwwe mat der Demande, Accès op déi verschidden Etüden, déi an dem Kader gemaach goufen, ze kréien. D'Partei vum François Bausch huet och eng Aktualitéitsstonn an der Chamber ugefrot.