Radioen

On air

Notturno  |  Fleet Foxes - A Long Way Past The Past

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ François Bausch: Grouss Defaite fir déi gréng, Analys néideg

Chamberwalen 2023

François Bausch: Grouss Defaite fir déi gréng, Analys néideg

déi gréng hätten haut eng enorm Defaite missen erliewen, seet de Francois Bausch. D'Partei géif elo analyséieren, wéi eng Ursaachen hanner dësem Score vun de Chamberwale vun haut géife stiechen.

auto_stories

1 min

Eppes wier sécher: och zu Lëtzebuerg géif et en enorme Rietsruck ginn, esou nach de Francois Bausch. 

"Dir gesitt hei net nëmmen, datt d'CSV net nëmme stabel ass, mee prozentual bäigeluecht huet. Mee virun allem och den ADR mat enorm nationalistesche Spréch bis zu ganz penibele Motiver oder Symboler, déi benotzt gi si vun eenzelne Kandidaten. An datt esou eppes funktionéiert, dat mécht engem scho Suergen, datt esou eppes esou e Score mécht, dat mécht engem scho Suergen an dat ass en Trend an Europa den Ament, an do musse mir eis Froe stellen."

déi gréng wäerten elo haart Oppositiounsaarbecht maachen

déi gréng missten elo kämpfen, seet de Spëtzekandidat vun déi gréng am Zentrum. Grad elo wier eng staark a kämpferesch Oppositioun wichteg. Eleng schonn am Hibléck op d’Erausfuerderungen am Kampf géint de Klimachangement. De François Bausch geet vun enger zukünfteger schwaarz-bloer Regierung aus. D’Resultater vun haut si fir de grénge-Politiker ee “rise Réckschrëtt”, virun allem am Hibléck op de Klimawandel.

An der Vergaangenheet hätt seng Partei am Parlament haart Oppositioun gemaach an dat wier och dat, wat si fir déi nächst fënnef Joer Wëlles hätten, esou nach de Francois Bausch.