Radioen

On air

Espresso Beats  |  Bill Ryder-Jones - This Can't Go On

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Francis of Delirium: 100,7 Aircheck Session

Musek

Francis of Delirium: 100,7 Aircheck Session

De Parcours vum Trio Francis of Delirium ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public.

auto_stories

1 min

headphones

18 min

play_arrow

Fir ze léieren, wéi een deen ouni Angscht affrontéiert, huet si sech bäibruecht, an de Stroossen ze sangen an dobäi ze ënnerhalen. Haut schreift si Musek fir aner lëtzebuergesch Museker, erweidert de Spektrum vun hirer Band mat neien Iddien a Kollaboratiounen, wéi kierzlech mat der Produzentin Catherine Marks, déi ënner anerem op der leschter Plack vun der Band boygenius d’Commanden hat. No dräi EPen, an deenen d‘Entwécklung vum Quartett duerch Hooks an Emotiounen novollzéibar gëtt, ass elo den Debutalbum prett. E gëtt nächste Freideg, 22. Mäerz an de Rotondë presentéiert an heescht “Lighthouse“. Mir begréissen op der Bün den Denis Schumacher, de Jeff Hennico an d’Jana Bahrich, zesumme Francis of Delirium.