Radioen

On air

Concert  |  De Vadim Gluzman mat den SEL

play_arrow Live
search

/ Fonctioun vum Lieutenant-Repesentant: "Dat mécht eigentlech kee Sënn an enger Monarchie"

Verfassungsexpert Luc Heuschling am Interview

Fonctioun vum Lieutenant-Repesentant: "Dat mécht eigentlech kee Sënn an enger Monarchie"

De Professer fir Verfassungsrecht op der Uni Lëtzebuerg, de Luc Heuschling, gesäit d’Funktioun vum Lieutenant-Representant kritesch: "Ech gesinn net richteg de Sënn an, fir zwee Staatscheffen zu Lëtzebuerg ze hunn." Hie mengt, d’Zäit bis zum Trounwiessel sollt elo esou kuerz wéi méiglech gehale ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

Luc Heuschling | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Den Ierfgroussherzog Guillaume kritt den Titel an d’Funktioun vum “Lieutenant-Representant vum Grand-Duc”. Doduerch wäert de Grand-Duc Henri sengem eelste Fils Guillaume Aufgabe kënnen iwwerdroen.

Firwat net direkt een Trounwiessel

Anescht wéi an der Vergaangenheet géif et haut kee Grond méi ginn, firwat et nach ee Lieutenant-Representant vum Grand-Duc gëtt, seet de Luc Heuschling.

"Well dat mécht eigentlech kee Sënn an enger Monarchie, well mir dann zwee Staatscheffen hunn. An enger Monarchie, wéi d’Wuert et selwer seet, 'monos', misste mir logescherweis ee Staatschef hunn."

No der Meenung vum Verfassungsexpert hätt den Ierfgroussherzog Guillaume sech schonn an de leschte Joren op seng zukünfteg Funktioun als Grand-Duc kënne virbereeden. D’Argument, datt de Guillaume elo als Lieutenant-Representant a seng nei Funktiounen “era geschafft géif ginn”, kann de Luc Heuschling deemno net novollzéien.

"Wann een elo an anere Jobbe kuckt (...), ech gesinn eigentlech kee Fall, wou ee fir eng Verwaltung een Direkter hätt, an den alen Direkter géif nach Direkter bleiwen, fir den neien Direkter, deen och dann Direkter wier, eranzeschaffen. An déi béid géifen natierlech bezuelt ginn."

Dowéinst stellt de Professer fir Verfassungsrecht Luc Heuschling sech d’Fro: "Firwat ass een net zu engem Trounwiessel einfach iwwergaangen?"

Am Kontext vun de budgetären Aspekter vun der Monarchie stellt de Luc Heuschling sech ënner anerem d’Fro, ob de Guillaume als Lieutenant-Representant elo méi Sue wäert kréien. Eng aner Fro wier déi, wéi et an Zukunft mam Personal vun der Maison du Grand-Duc wäert ausgesinn?

"Kréie mir elo zwee Staffen? De Staff vum Grand-Duc Henri, de Staff vum Guillaume? Oder hu mir elo d’Situatioun, datt de Guillaume de Staff vum Grand-Duc Henri iwwerhëlt oder béid benotzen dee Staff (...)? Oder hu mir d’Situatioun, wou de Guillaume elo de Staff elo scho kann ëmänneren a seng Leit an dee Staff setzt. Dat huet dann natierlech een Impakt op d’Aarbechtsverträg oder de Statut an der Fonction publique vun deene Leit."

Monarchie a méi roueg Gewässer féieren

Dat wat um Dënschdegmëtteg am Palais an an der Chamber geschitt, wier den Ufank vun der Transitioun hin zum Trounwiessel, also hin zum Enn vun der Herrschaft vum Henri, erkläert de Luc Heuschling.

"Ech géif mengen, datt deen Trounwiessel warscheinlech als Impakt huet, datt d’Monarchie zu Lëtzebuerg a méi roueg Gewässer gefouert gëtt."

Wéini Lëtzebuerg een neie Grand-Duc kritt, ass bis elo net gewosst. Mat engem neie Staatschef kéint d’Praxis vun der Monarchie sech awer änneren, analyséiert de Verfassungsspezialist.

"Am Sënn, datt se vill méi consensuel ass. An dass all déi Kontroversen, déi et jo awer ënnert dem Règne vum Henri gouf, datt déi Kontroverse villäicht net méi optrieden. An deem Sënn géif ech mengen, datt déi nächst monarchesch Ära zu Lëtzebuerg, als Haaptroll huet - an dass dat och villäicht déi gréisst Attente ass vum Public - fir dass keng Diskussioune méi iwwert d’Monarchie entstinn."

Lauschterenplay_arrow