Radioen

On air

Concert  |  A Roman Holiday

play_arrow Live
search

/ 2024 gouf et wesentlech manner Asyldemanden aus Syrien

Flüchtlingszuelen zu Lëtzebuerg

2024 gouf et wesentlech manner Asyldemanden aus Syrien

Zu Lëtzebuerg hunn dem Inneministère no dëst Joer bis elo knapp 1.800 Mënschen eng Demande fir internationale Schutz eragereecht. De Mount Dezember ass nach net mat agerechent, mee sécher ass: Et sinn der manner wéi an de leschten zwee Joer, a méi, wéi an den zwee éischte Joer vun der Corona-Pandemie, esou datt d'Zuelen nees ongeféier um selwechten Niveau si wéi virun der Pandemie.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Aus den Zuele geet och ervir, datt et dëst Joer wesentlech manner Asyldemanden aus Syrie gouf. 360 am Ganzen. Fir de Verglach: D'lescht Joer waren et der bal duebel esou vill. 

A wéi vill et der an Zukunft wäerte sinn, ass och eng spannend Fro: Zanter dem Enn vum Regimm vum Baschar al-Assad am Dezember ass nämlech net kloer, wéi et ëm d'Asylprozedure vu syresche Mënschen zu Lëtzebuerg steet.

Well och Lëtzebuerg huet - grad wéi aner EU-Memberstaaten - Mëtt Dezember decidéiert, wéinst der neier Situatioun d'Asylprozedure vu Syrer auszesetzen. Et wier eng temporär Entscheedung, ënnersträicht de Ministère, an d'Demandeure kéinten trotzdeem weiderhin an den Asylstrukturen ënnerkommen.

Déi meescht Flüchtlinge kommen aus Eritrea

Wéi et ëm hir Zukunft steet, an ob si zu Lëtzebuerg nach wäerten internationale Schutz accordéiert kréien, oder ob Lëtzebuerg si zeréck an hiert Heemechtsland wäert schécken, ass iwwerdeems nach net gewosst.

2024 war egal wéi awer dat éischt Joer zanter 2019, an deem Syrie bei de Flüchtlingen zu Lëtzebuerg net dat éischt Hierkonftsland war. Well manner Syrier op Lëtzebuerg komm sinn, koumen 2024 déi meeschten Demandë fir internationale Schutz zu Lëtzebuerg aus Eritrea. Dat mécht knapp ee Fënneftel vun den Demandeuren aus.

Déi Unzuel u Mënschen aus Eritrea ass iwwer déi lescht Jore relativ konstant bliwwen.

D'Situatioun vun den Dubliner

Vun den iwwer 1.800 Demandë fir internationale Schutz am Joer 2024 krute ronn d'Hallschent aus diverse Grënn keen Asyl zu Lëtzebuerg accordéiert. Si sinn entweder an dat Land zeréckgeschéckt ginn, aus deem si geflücht sinn - dat ware bal 100 Mënschen am Joer 2024 - oder si sinn an een anert europäescht Land weider- oder zeréckgeschéckt ginn.

Dat am Fall vun de sougenannten Dubliner, also Persounen, déi eleng reesen an déi an engem aneren europäesche Land schonn eng Asylprozedur ugefaangen hunn. Dat waren dëst Joer bal 230 Mënschen.

Duerch d'Decisioun am Joer 2023 vum fréieren Ausseminister Jean Asselborn ginn déi Männer, déi ënner d'Dublin-Reglement falen, haut zu Lëtzebuerg net méi direkt an den Asylstrukturen opgeholl. Si kommen, wann net genuch Plaz an der Struktur ass, op eng Waardelëscht.

Dës Waardelëscht hat am Joer 2024 geschwankt: Tëschent 0 a 15 Männer géifen op der Lëscht stoen, seet den Inneministère an enger schrëftlecher Äntwert. Wou si sech momentan ophalen, ass iwwerdeems net gewosst.

Am Mäerz dëst Joer hu si an Zelter ënner dem Pont Adolphe misse liewen. Dat, obwuel d'Verwaltungsgeriicht am Mäerz an engem éischten Urteel festgehalen hat, datt och ee sougenannten Dubliner zu Lëtzebuerg muss en Daach iwwer dem Kapp kréien. 

16 Recommandatiounen un d'Politik

D'ASBLe Passerell, Douri a Ryse hunn dann och am Dezember dëst Joer de Projet Leilaw op en Enn bruecht. D'Organisatioune sinn dobäi vun der europäescher Kommissioun finanzéiert ginn, fir e sougenannte Safe Space fir geflücht Fraen ze kreéieren an erauszefannen, wat déi spezifesch Besoine vun hinne sinn.

D'Conclusioun ass: Et géif net genuch gemaach gi fir d'Rechter vu geflüchte Fraen ze schützen, esou d'Vertrieder:inne vun den dräi ASBLen an hirem Communiqué. 16 Recommandatioune goufen dobäi un d'lëtzebuergesch Politik formuléiert, notamment misst Gewalt géint Fraen opgrond vun hirem Geschlecht wärend den Asylprozedure méi seriö geholl ginn, esou nach d'Vertrieder vun den ASBLen am Dezember.

Lauschterenplay_arrow