arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fluchpassagéier déi an oder aus Spuenien fléie musse sech op Retarden astellen

Streik

|
reading time

1 min

Fluchpassagéier déi an oder aus Spuenien fléie musse sech op Retarden astellen

Wéinst engem Streik a Spuenien warnt d‘Luxair viru méigleche Retarde bei Volle vu Lëtzebuerg a Spuenien. Déi spuenesch Fluchhafemataarbechter hu Streikaktioune uechter d‘ganzt Land, dorënner och am Süden an op de Kanaren, lancéiert.

reading time

1 min

© EPA/FERNANDO VILLAR
(Foto: EPA/FERNANDO VILLAR)

Fluchpassagéier sinn deemno opgeruff, méi Zäit anzeplangen. Virun allem zu Spëtzestonne kéint et zu längere Waardezäite kommen, esou nach d‘Luxair.