search

/ Fliger mat Gefier kollidéiert: Pilot a Co-Pilot sinn ëm d'Liewe komm

New York

|
reading time

1 min

Fliger mat Gefier kollidéiert: Pilot a Co-Pilot sinn ëm d'Liewe komm

Zu New York ass um Flughafe La Guardia ee Fliger vun der Gesellschaft Air Canada Express mat engem Gefier vum Flughafen aneneegerannt.

reading time

1 min

© EPA/OLGA FEDOROVA
(Foto: EPA/OLGA FEDOROVA)

Déi zoustänneg Autoriéite confirméieren US-Medieberichter, datt de Pilot an de Co-Pilot dobäi ëm d‘Liewe komm wieren.

Op d‘mannst véier Leit wiere blesséiert ginn, esou US-Medien. Beim Gefier dat mam Fliger aneneegerannt ass géif et sech ëm e Camion vun de Pompjeen handelen. De Betrib um Flughafe gouf bis op Weideres gestoppt.