Radioen

On air

Concert  |  Een Owend mat Tchaikowski

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten: Meenunge vu Gewerkschaften an UEL ginn auserneen

Aarbechtsrecht

Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten: Meenunge vu Gewerkschaften an UEL ginn auserneen

D‘Aarbechtsrecht soll diskutéiert ginn. Iwwer déi Annonce vum Premier Luc Frieden ginn d‘Meenunge vun De Gewerkschaften LCGB an OGBL, an dem Patronatsverband auserneen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D’Aarbechtszäite sollen nei organiséiert ginn, sou wéi et och schonn am Koalitiounsaccord virgesinn ass. Och de Congé de Maternité soll flexibiliséiert an d’Sonndesaarbecht nei gereegelt ginn.

UEL: Et brauch eng Moderniséierung

Et géif eng Modernisatioun vun den Aarbechtsmodeller gebraucht ginn, fënnt de Michel Reckinger, President vum Patronatsdaachverband UEL.

D‘Aarbechtsrecht géif den Ament net virgesinn, datt d‘Leit sech kënnen organiséiere wéi si wëllen. Beispillsweis Sonndes misst d’Limitatioun vu 4 Stonnen op 8 eropgesat ginn, mengt de Michel Reckinger.

LGCB: Eng Diskussioun, déi och mat de Sozialpartner muss gefouert ginn

Fir de Patrick Dury, de President vum LCGB, ass dat eng vun den Diskussiounen, déi d’Sozialpartner misse féieren. Et géif net duergoen, dat eent oder anert erauszepicken: Et misst alles am allen en neit Gesetz op den Dësch.

Wou een och alleguer déi Elementer dran huet a wou een alleguer déi Elementer am Comité du travail zu dräi ka schwätzen, den Aarbechtsminister, d’Employeuren an d’Gewerkschaften.

OGBL: Et muss ee mat Widderstand rechnen

Eng rout Linn ass d’Aarbechtsrecht fir d’Nora Back, d’Presidentin vum OGBL. Wann d’Aarbechtsrecht géif verännert ginn, da géif een an d‘Liewe vun der Majoritéit vun der Leit hei zu Lëtzebuerg agräifen. Et géif ëm d‘Liewensqualitéit goen.

„Mir mussen dofir suergen, datt d’Leit net krank ginn op hirer Aarbecht, an datt se net nach weiderem Stress ausgesat ginn, an net frustréiert hei rausginn."

Et misst een éischter protegéieren, wéi flexibiliséieren. An et misst ee mat Widderstand vum OGBL rechnen. Wann et misst sinn, da géif een och op d’Strooss goen, betount d’OGBL-Presidentin.

Lauschterenplay_arrow