arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flávio Bolsonaro no senger Walnéierlag an d'USA geflücht

Brasilien

|
reading time

2 min

Flávio Bolsonaro no senger Walnéierlag an d'USA geflücht

De Flávio Bolsonaro huet no senger Néierlag bei der Presidentewalen a Brasilien, trotz engem Ausreesverbuet, d‘Land an enger spektakulärer Aktioun verlooss. International Medie mellen, datt säi Fliger de Mëtteg a Florida gelant wier. D'Iewescht Geriicht hat hien opgefuerdert säi Pass ofzeginn.

reading time

2 min

Flávio Bolsonaro | © EPA/ANDRE BORGES
Flávio Bolsonaro (Foto: EPA/ANDRE BORGES)

Op der brasilianescher Telé war ze gesinn, wéi hie mat senger Fra a sengen zwou Duechteren aus dem privaten Jet geklomme ass. Do virdrun hat de Fliger eng Escale am Ecuador gemaach, wéi hënt gemellt gi war. 

Bolsonaro kritt Visa an den USA

D‘Iewescht Geriicht hat dem riets-extreme Politiker wéinst Korruptiounsermëttlunge verbueden d‘Land ze verloossen a verlaangt, datt hie säi Pass ofgëtt. Géint de Flávio Bolsonaro gëtt wéinst Wäisswäsche vu Suen enquêtéiert. De Bolsonaro huet sech deemno net un d'Ausrees-Verbued gehalen.  

Den Ausseministère zu Washington huet matgedeelt, datt d‘USA dem Bolsonaro a senger Famill e Visa ginn hunn.

No senger Defaite bei de Walen leschte Weekend, hat de Fils vum Jair Bolsonaro, Ufanks ugekënnegt d'Walresultat net unzeerkennen. Dat well d'Ouvertureszäiten vun de Walbüroen um Waldag verlängert gi waren. Säi Kontrahent Lula da Silva an och den Flávio Bolsonaro selwer haten deem zougestëmmt. Duerch d'Walen war et zu massivem Stau an de Groussstied komm. 

De Flávio Bolsonaro huet seng Strategie elo geännert a wëllt net méi d‘Walresultat selwer, mee dem Lula säi Walkampf juristesch iwwerpréiwe loossen.

META am Verdacht de Walkampf truquéiert ze hunn 

Doriwwer eraus steet META am Versacht de Walkampf a Brasilien zu Gonschten vum Bolsonaro manipuléiert ze hunn. Dat hu verschidden International Medien schonn um Walsonndeg gemellt gehat. De Reproche: Dem  Flávio Bolsonaro säi Instagram-Profil soll User:innen an der App proposéiert gi sinn - obwuel dëst wärend Presidentschaftswalen net erlaabt ass. Och soll een op dem Bosolnaro säi WhatsApp-Kanal komm sinn, wann een nom Lula gesicht huet.

De META-Grënner Mark Zuckerberg, dem Facebook, WhatsApp an Instagram gehéiert huet vun technesche Problemer geschwat. Déi brasilianesch Justiz huet sech dem Fall ugeholl. Och verschidde Memberen aus dem US-Kongress fuerderen Opklärung.