Zënter Enn Januar regéiert den Interimspresident Ahmed al-Sharaa d'Land. Hien hat an de Jore virdrun am Biergerkrich géint d'Politik vun der al-Assad Famill gekämpft. Dat zesumme mat der - als islamistesch agestuuften - HTS (Hai'aTahrir al-Scham) Allianz.
Et steet vill um Spill
De Riad Taha lieft zënter 2013 zu Lëtzebuerg a sëtzt sech zesumme mat senger Organisatioun Gëllenen Horizont fir déi syresch Communautéit zu Lëtzebuerg an. Hien erzielt, datt een am Ufank extreem frou gewiescht wier iwwer d'Chutt vum Baschar al-Assad. Endlech hätt een no 53 Joer al-Assad Regimm Hoffnung gehat, fir erëm zeréck an d'Heemecht kënnen ze goen.
Zeréck a Syrie goen, fir Famill ze besichen oder sech selwer e Bild vun der Situatioun ze maachen, kënnt fir ganz vill Syrier a Syrierinnen a Lëtzebuerg guer net a Fro.
"Vill syresch Flüchtlingen hei am Land sti virun engem Dilemma. Vill, déi ënner internationalem Schutz de Flüchtlingsstatut hunn, wëllen a Syrie reesen, fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen an hir Famillen ze gesinn, mee ënner dem aktuelle Gesetz, wa si zeréck reesen, riskéiere si, hire Flüchtlingsstatut an de juristesche Schutz zu verléieren."
Eleng 2023 hu 710 Mënschen aus Syrien hei zu Lëtzebuerg Asyl ugefrot. Zënter Mëtt Dezember zejoert sinn d'Asyldemandë vu Syrier a Syrierinnen op Äis geluecht. Ënner de Leit, déi Demandeur de protection internationale sinn, fäerten der momentan och vill fir forcéiert ze ginn, erëm zeréckzegoen, wa sech d'Rechtslag sollt änneren, erkläert de Riad.
"Et gëtt Onkloerheet doriwwer, ob de Staat si eventuell zu engem Retour forcéiere kéint, trotz dem haarden Zoustand a Syrien. Ech denken, et wier och gutt vum Immigratiounsbüro, fir een transparent a klore Statement ze kréie fir esou Fäll, esou datt Leit net ängschtlech an onsécher sinn iwwer hir Zukunft."
Ee Land, dat mat Aarmut geplot ass
D'Marianne Donven setzt sich mat hirer ASBL a Restaurante fir Flüchtlingen am Land a. Si huet een änlecht Gefill bei de Leit erkannt. Vill Syrier a Syrierinne fille sech am generellen net sécher an der Regioun vum Noen Osten. Dat och, well islamistesch Milizen hiert Land regéieren. Virun allem fir déi, déi hei hiren Diplom kruten, eng Aarbecht fonnt hunn, sech bestuet hunn an eng Famill opgebaut hunn, ass et schwiereg an e Land zeréckzegoen, wou si all dat eeben net hunn.
"Ech géif wierklech mengen, datt da vill wéilten heemgoen, mee awer net an deenen aktuelle Konditiounen. Dat heescht, et misst sech wierklech nach berouegen. Et misst méi ee Sécherheetsgefill opkommen. Si kréien och nach vun de Leit op der Plaz gesot, datt ëmmer erëm Onroue sinn."
Och de Riad mengt, datt d'Liewenskonditiounen am Moment nach net gutt genuch wieren. D'UNICEF mellt, datt ronn 90 Prozent vun de syresche Bierger a Biergerinnen an Aarmut lieft.
E groussen Nees-Opbau steet bevir
Et gi wéineg Perspektive wat Aarbechten ugeet, de Gesondheetssystem läit um Buedem, an och d'Educatioun ass ze verbesseren. Och déi international Sanktioune géint Syrie géifen et schwiereg maachen, d'Lag ze verbesseren, mengt de Riad.
Ufanks Januar hunn d'USA an d'EU zwar hir Sanktiounen opgelackert, déi meescht géifen awer bis ewell nach ëmmer bestoen.
"Dës wirtschaftlech Sanktioune sollten ewechfalen, fir datt Leit do a bessere Konditioune kënne liewen. D'Land muss virun allem vu vir un erëm opgebaut ginn. Mir schwätzen iwwer Dausende vu Gebaier, déi zerstéiert goufen."
De Riad huet zu Lëtzebuerg eng Aarbecht a seng Fra fonnt. Hie selwer geet awer zeréck a Syrien, fir seng Entreprise, déi wärend dem Krich zerstéiert gouf, erëm opzebauen. Hien empfënnt duerchaus Sympathië fir déi nei Interimsregierung.