Radioen

On air

9 bis 1  |  Pearl & The Oysters - Big Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Finneschen Ex-President a Friddens-Nobelpräis-Laureat Martti Ahtisaari ass dout

Finnland trauert

Finneschen Ex-President a Friddens-Nobelpräis-Laureat Martti Ahtisaari ass dout

Hien ass am Alter vu 86 Joer zu Helsinki gestuerwen, wéi säi Büro matgedeelt huet.

auto_stories

1 min

De Sozialdemokrat Ahtisaari war vun 1994 bis 2000 finnesche President. Hien hat sech een Numm gemaach als Vermëttler bei internationale Krisen a Konflikter. Dofir huet hien och 2008 de Friddensnobelpräis kritt. 

D'Ursula von der Leyen sot op X, Finnland hätt ee remarkabele Staatsmann verluer, an Europa ee Visionär.