arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fernarnd Kartheiser soll op een Treffen a Russland invitéiert hunn

International

|
reading time

1 min

Fernarnd Kartheiser soll op een Treffen a Russland invitéiert hunn

Wéi d‘Zeitung The Kyiv Independant schreift, huet de Lëtzebuerger Europadeputéierten an ADR-Politiker Fernand Kartheiser an enger E-Mail, déi der ukrainescher Zeitung virléich, Kolleegen dozou opgeruff, op eng Reunioun zu St. Petersburg am Kader vun engem Wirtschaftsforum ze kommen.

reading time

1 min

Fernand Kartheiser | © European Union
Fernand Kartheiser (Foto: European Union)

An deem Schreiwes hätt hie weider och vun enger „konstruktiver“ Entrevue mat Vertrieder vun der russescher Duma viru scho ronn 2 Wochen zu Istanbul geschwat.

Hie war an der Vergaangenheet schonn e puer Mol a Kontakt mat russeschen Offiziellen. Dofir steet hien am Europaparlament staark an der Kritik a gouf och schonn aus der ECR- Fraktioun ausgeschloss. Aktuell sëtzt hien als onofhängegen Deputéierten do.

D’Europaparlament selwer wollt de Fall net kommentéieren, huet awer drun erënnert, datt et zënter 2014 keng offiziell Zesummenaarbecht mat der russescher Duma gëtt, esou nach The Kyiv Independant.