Radioen

On air

9 bis 1  |  World Brain - Open

play_arrow Live
search

/ Fernand Kartheiser: D'Hoffnung op sechs Sëtz war do

Walresultat ADR

Fernand Kartheiser: D'Hoffnung op sechs Sëtz war do

D'ADR huet bei dëse Walen däitlech zougeluecht a kënnt an der Chamber op ee Sëtz méi.

auto_stories

2 min

Et wier een ustrengende Walkampf gewiescht, mee et hätt sech gelount, sot dozou de Fernand Kartheiser am 100,7-Interview, och wann ee sech vläicht nach méi erwaart hätt.

"Also elo wéi mir den Owend geziddert hunn ëm d'Zuel vun de Sëtzer, hat ech een Abléck gehofft, mir hätte sechs Sëtzer, een drëtte Sëtz am Süden. Bon, et ass elo net esou ginn, mee ech mengen, ech sinn extreem zefridden. Mir hu lo Fraktiounsstäerkt an der Chamber. Dat gëtt eis vill méi Méiglechkeeten, wéi mir bis elo haten, och vill méi Aflossméiglechkeeten, besser Méiglechkeeten, fir eis Aarbecht ze maachen. Also ech sinn wierklech zefridden."

D'ADR behält hire Sëtz am Norden a seng zwee am Süden. Am Oste gewanne si ee bäi, an am Zentrum bleift et wuel och bei engem Sëtz.

Fred Keup: vläicht a fënnef oder zéng Joer an der Regierung

Et ass en historescht Resultat fir d’ADR an hire Spëtzekandidat Fred Keup.

"Mir sinn haut, léif Frënn, déi véiertstäerkste Partei zu Lëtzebuerg."

Effektiv huet d’ADR déi gréng op där Positioun ofgeléist a mécht sech domat grouss Hoffnunge fir d’Zukunft.

"Ech mengen, et ass kloer, mir kommen dës Kéier net an d'Regierung, dat ass da vläicht fir a fënnef Joer oder fir an zéng Joer. Mee Gedold, mir bleiwen derbäi a mir wäerten och déi nächste Wale gewannen, dat soen ech Iech. Mir wäerten an der Oppositioun sinn, mir wäerten eng ganz staark Oppositioun sinn, mir wäerten eng Fraktioun hunn, mat fënnef Leit, dat gëtt eis méi Méiglechkeeten a mir wäerte wéi déi leschte fënnef Joer eng richteg gutt Oppositiounspolitik an der Chamber maachen, fir deene Wieler och gerecht ze ginn, déi eis vertraut hunn, mir hunn eng grouss Verantwortung, dat wëll ech soen, a mir wäerten där gerecht ginn. Honnertprozenteg."