An der Kritik steet déi nationalkonservativ a Kreml-frëndlech Regierungspartei Georgeschen Dram. Et gouf mat massiver Policepresenz reagéiert. D‘Poliziste si mat Tréinegas géint d‘Demonstrante virgaangen.
De georgesche Premier hat d‘lescht Woch d‘EU-Bäitrëttsverhandlunge bis 2028 op Äis geluecht. De Bäitrëtts-Wonsch ass a Georgien an der Verfassung verankert. Well d‘Protester ënnerdréckt goufen hunn elo déi baltesch Staate reagéiert an national Sanktiounen – dorënner Areesverbueter – géint déi politesch Responsabel a Georgie verhaangen.