Radioen

On air

Moiesstudio  |  Moiesstudio

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fënnef Joer Kinoler: Eng filmräif Geschicht

Den Hallwer Néng

Fënnef Joer Kinoler: Eng filmräif Geschicht

Eigentlech liwwert d’Geschicht vum klenge Kino zu Koler selwer genuch Material fir en Dréibuch. Duerch d’Initiativ vun de Koler Bierger ass de Kinoler entstanen. De Marc Barnig, deen d’Iddi fir de Kinosprojet hat, geet mam Tessy Steffen Koenig duerch de Kino a seng Geschicht.

auto_stories

5 min

headphones

23 min

De Marc Barnig hat d'Iddi vum Kino. | © Tessy Steffen Koenig play_arrow
De Marc Barnig hat d'Iddi vum Kino. (Foto: Tessy Steffen Koenig)

Viru fënnef Joer hu mat der éischter Seance vum “Superjhemp” d’Opféierunge vum Kinoler ugefaangen. Haut lafe sechs Mol an der Woch all méiglech Filmer am Koler Regionalkino. D’Geschicht vum Kino zu Koler geet allerdéngs nach e Stéck méi wäit zeréck.

Vum Filmclub an de Kinossall

De Marc Barnig hat 2012 d’Iddi vun engem Kino zu Koler un den Dësch bruecht. Hie war och virdru schonns Kinos- a Filmamateur, ënner anerem mat engem Filmclub zu Koler, de “Koler Movies Lëtzebuerg”. Aus der Iddi ass dunn awer méi séier wéi erwaart ee richtege Projet ginn, den deemolege Buergermeeschter vu Garnech huet dem Marc Barnig säi Virschlag nämlech ënnerstëtzt.

Du wier ee Konzept ausgeschafft ginn an de Kino gebaut ginn. De Kinoler ass och direkt de Regionalkinoe “Cinextdoor” bäigetrueden, déi sech och haut nach ëm d’Lizenze fir d’Filmer këmmeren, déi am Sall zu Koler lafen.

© Tessy Steffen Koenig
(Foto: Tessy Steffen Koenig)

Eng Biergerinitiativ

De Projet Kinoler war eng Biergerinitiativ. An eng Saach stoung vun Ufank u fest: Et sollt keen engagéiert ginn. Am Kino schaffen haut eng 20 Benevole, déi sech an hirer Fräizäit ëm déi verschidde Seance këmmeren. Leit aus dem ganzen Duerf hätte vun Ufank u matgehollef, soss wier de Projet net ëmsetzbar gewiescht, betount de Marc Barnig houfreg.

© Tessy Steffen Koenig
(Foto: Tessy Steffen Koenig)

Qualitéit iwwer Quantitéit

Am Kinoler gëtt et just ee Sall vu 46 Sëtzplazen. Dat géif de Kino awer net dovun ofhalen, fir déi bescht méiglech Ënnerhalung ze bidden. Sechs Seance lafen an der Reegel pro Woch am Kinoler. Dobäi kéimen allerdéngs Privatseancen, déi ee buche kann, an och speziell Seancen, erkläert de Marc Barnig.

Schonn an der Entrée soll gewise ginn, datt een am Kinoler eppes erliewe kann. Den Alain Welter, deen zu Koler gebuer an opgewuess ass, huet de Kino mat senger Graffiti-Konscht verziert. De Kinossall selwer ass mat enger Dolby ATMOS Soundanlag mat am Ganzen 32 Lautsprecher ausgerëscht.

Succès trotz Réckschléi

De Kinoler huet den 1. Dezember 2018 seng Dieren opgemaach, knapps ee Joer méi spéit muss e wéinst der Pandemie dann nees zoumaachen. Dräi Méint laang war de Sall zu Koler eidel, an och duerno goufen et Problemer. D’Sortie vu ville Filmer gouf verluecht an och d’Leit si manner an de Kino gaange wärend dëser Period.

© Tessy Steffen Koenig
(Foto: Tessy Steffen Koenig)

Trotzdeem hätt de Kinoler zanter senger Ouverture iwwer 36’000 Visiteure begréisst, seet de Marc Barnig. Souwuel international Blockbusteren ewéi och lokal Filmer a lëtzebuergesch Ko-Produktioune géifen am Kino gewise ginn. Dat géing vill Leit aus dem ganze Land unzéien.

Am Kinoler konzentréiert een sech elo op de Jubiläum, eng speziell Opféierung vum Superjhemp fënnt dofir statt. De Kino an de Film feiere jo allen zwee hir fënnef Joer. De Kinoler géif domat och nach eng Kéier op säin Ufank zeréckkommen, dat a Form vun dem Film mat deem alles ugefaangen huet.

Lauschterenplay_arrow


Interview: Tessy Steffen Koenig

Text: Kevin Nilles