arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Feierlechkeeten trotz Hëtztwell: CGDIS mellt keng gréisser Tëschefäll

Nationalfeierdag

|
reading time

4 min

Feierlechkeeten trotz Hëtztwell: CGDIS mellt keng gréisser Tëschefäll

Trotz extreemer Hëtzt sinn um Virowend vun Nationalfeierdag vill Leit op d'Feierlechkeeten am ganze Land komm. De CGDIS zitt e positive Bilan, wärend de Premier Luc Frieden a senger Ried den Zesummenhalt zu Lëtzebuerg an Europa ënnerstrach huet.

reading time

4 min

Veille de la Fête nationale à Luxembourg-Ville - Retraite aux flambeaux des sociétés de la Ville - Passage du cortège de la retraite aux flambeaux avec plus de 2800 participants | © SIP / Claude Piscitelli
Veille de la Fête nationale à Luxembourg-Ville - Retraite aux flambeaux des sociétés de la Ville - Passage du cortège de la retraite aux flambeaux avec plus de 2800 participants (Foto: SIP / Claude Piscitelli)

Um Virowend vun Nationalfeierdag waren et gëschter Owend eng sëlleg Evenementer uechter d’Land. Déi groussherzoglech Koppel ass gëschter zu Déifferdeng empfaange ginn. Wéinst der Hëtztwarnung war de Programm verkierzt ginn.

Vill Leit bei de Feierlechkeeten

A senger Ried fir Nationalfeierdag huet de Premier Luc Frieden gëschter Owend den Zesummenhalt vu Lëtzebuerg an Europa betount. An enger Zäit vu globalen Onsécherheete wier et wichteg op Gemeinschaft, Demokratie a Verantwortung ze setzen.

Zum Schluss vu senger Ried huet de Staatsminister d’Aarbecht vum neie Grand-Duc Guillaume an der Grande-Duchesse Stéphanie gewierdegt.

Hien huet betount, datt si an den éischte Méint vun hirem Règne d’Land no banne verbonnen an no bausse representéiert hätten.

Positive Bilan trotz Canicule

Wéinst der Canicule hat de CGDIS dann och an der Stad e speziellen Dispositiv op d’Bee gestallt dee mat 140 Pompjeeë verstäerkt gouf. Obwuel ganz vill Leit ënnerwee waren, zitt de CGDIS de Moien e positive Bilan: Et wiere keng gréisser Tëschefall ze mellen.

Am Ganze goufen 93 Leit en charge geholl, 15 dervunner hu missen an d’Spidol bruecht ginn. Wéinst der Hëtztwell sinn dann och 22 Beruffspompjeeë vum Défilé haut fräi gestallt ginn, si gehéieren haut zum Dispositiv vun am Ganzen 72 Pompjeeën a 7 Ambulanzen, déi sech ëm eventuell Urgence musse bekëmmeren.

Offiziell Zeremonien um Nationalfeierdag

Nom Volleksfest gëschter sinn et haut dann déi offiziell Feierlechkeete mat de Moien ëm hallwer 10 Auer der offizieller Zeremonie an der Philharmonie. Em 

Nom Volleksfest gëschter waren et de Moien dann déi offiziell Feierlechkeete mat de Moien der offizieller Zeremonie an der Philharmonie. Do goufen et speziell Éierunge fir d’Liichtathletin Patricia Van der Weken, d’Schauspillerin d’Vicky Krips, de laangjärege President vun der Air Rescue René Closter an d’Gastronomin Anne Knepper.   

D’Demokratie an hier Wäerter waren an den offizielle Rieden den Haaptsujet. De Groussherzog Guillaume huet drop verwisen, datt dës Demokratie ënner Drock steet, vu baussen, ma och duerch d’Gefore vun den digitale Medien. Dofir war et den heite Message un d’Jugend.

“Jo, eng Demokratie gëtt eis Rechter. Mee si gëtt eis och eng Responsabilitéit, déi mat Verflichtunge verbonnen ass. Dat och ass e wichtege Message, deen ech haut eiser Jugend wëll op de Wee ginn. Net well si et méi schlecht géife maachen, mee well all Generatioun soll den Usproch hunn, et besser ze maache wéi déi virdrun. Ouni dobäi ze vergiessen, op wéi engem Fundament si opbaue kann. Well d'Demokratie, eist Land, Europa an eis gemeinsam Wäerter verdeedegt een net nëmme mat Wierder.”

play_arrow Grand-Duc Guillaume

Och de Premier Luc Frieden huet déi demokratesch Wäerter ervirgehuewen, déi den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft an eisem Land géife garantéieren. 

“Mir hunn d'Chance, an engem Land ze liewen dat trotz ënnerschiddleche Meenungen, ëmmer nees beienee fënnt. E Land, dat ënnerschiddlech Meenungen net just toleréiert. Mee se als gutt an noutwenneg begréisst. Dat ass e Privileeg. An et ass och eng Verantwortung. Net fir alles ze erhale wéi et ass, mee fir dat Bescht vun deem, wat eis staark gemaach huet, weiderzeféieren.”

play_arrow Luc Frieden

Um 11:45 dun war et den Optakt vun der Militär- an Zivilparad an der neier Avenue. Den Te Deum gëtt dann de Mëtteg ëm 16:15 Auer an der Kathedral zelebréiert.