Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nei Enquête: Feier am Grenfell Tower eng Konsequenz vu Versäumnisser a Profitgier

Brand am Joer 2017

Nei Enquête: Feier am Grenfell Tower eng Konsequenz vu Versäumnisser a Profitgier

Déi 72 Doudesfäll beim Feier am Héichhaus Grenfell Tower zu London, 2017, hätten alleguerte kënnen evitéiert ginn. Zu där Conclusioun ass d‘Enquête elo komm.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Pacific Press | Clare Doherty
Foto: picture alliance / Pacific Press | Clare Doherty

D‘Ursaach vum Feier – deem schlëmmsten a Groussbritannien zanter dem Zweete Weltkrich – wiere joerzéngtelaang Versäumnisser an Inkompetenz vun de respektive Regierunge gewiescht an zum Deel och Profitgier.

Am Rapport gëtt och déi systematesch Onéierlechkeet vun de Entreprisen am Secteur vum Bau-Material ugeprangert. Déi brittesch Regierung géif alles maachen, fir datt et ni méi zu sou enger Tragedie kënnt, esou de Premier Keir Starmer.

D‘Feier war deemools am 4. Stack vum Grenfell Tower ausgebrach an hat sech immens séier iwwer d‘Fassad vum Sozialbau ausgebreet. D‘Isolatioun an d‘Verkleedung vun der Fassad hunn dobäi wéi e Brandbeschleuneger gewierkt.