Radioen

On air

E-Lodie  |  Etüüd - Veel on puud ja roheline kaldapealne (Still There Are Trees And A Green Shoreli

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fazit vum Policeminister Henri Kox: "Mission accomplie"

Police

Fazit vum Policeminister Henri Kox: "Mission accomplie"

De Policeminister Henri Kox stellt sech selwer eng gutt Zensur aus wat säi Mandat ugeet. D‘Policeffektiver wieren an d‘Luucht gaangen, d‘Formatioun wier verbessert ginn an d‘Digitaliséierung virugedriwwe ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Op en neits stoungen Zuelen am Mëttelpunkt vun enger Pressekonferenz vum Policeminister. Et goung wéi sou dacks schonn ëm de Rekrutement. Zanter dem Januar 2020 wier d‘Zuel vun de Mataarbechter bei der Police netto ëm 781 an d‘Luucht gaangen. 501 dovu sinn nei Polizisten, 280 sinn zivil Mataarbechter. Fir de Policeminister e klore Bilan, och wann nach net all Rekrutten um Terrain am Asaz wieren.

“Dat brauch seng Zäit. Jiddwerfalls mission ass accomplie. Mee et ass eng Erausfuerderung och nach an der Zukunft an et wäert ëmmer och eng Erausfuerderung sinn.”

Den Interêt fir déi dräi éischt Rekrutéierungswelle war ganz grouss, sou datt nëmmen en Deel vun de Kandidaten iwwerhaapt konnt acceptéiert ginn. 

An der Gréisstenuerdnung weider fueren​

D‘Policeschoul, d‘Formatioun an dono d‘Begleedung bei der Aarbecht um Terrain hu missen iwwerschafft an ugepasst ginn. Mëttlerweil steet schonn eng véiert Well un, betount den Alain Engelhardt, Zoustännege fir Strategie a Leeschtung:

“Mir si ganz frou dass mer no deenen dräi grousse Wellen eng véiert kënnen drun hänken an der Gréisstenuerdnung vun 160 B1an C1 déi mer versichen elo iwwer déi nächst Méint ze rekrutéieren.”

Dat wier och déi Gréisstenuerdnung an der d’Police och an de nächste Jore rekrutéiere misst.

Elo dierft de Feeler aus der Vergaangenheet net méi gemaach ginn dat beim Rekrutement no gelooss gëtt, sou de Policeminister. Mat enger Mediecampagne an dem Infodag vun der Police den 30. September wëll ee weider Interessente fannen. 

Lauschterenplay_arrow