arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ FEDIL-President fuerdert méi Deregulatioun fir méi Kompetitivitéit tëschent de Betriber

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

FEDIL-President fuerdert méi Deregulatioun fir méi Kompetitivitéit tëschent de Betriber

Op der Neijoerschreceptioun vun der FEDIL huet de Premier Luc Frieden d'Wichtegkeet vun der Kompetitivitéit betount. De FEDIL-President Georges Rassel huet fonnt, fir d'Betriber méi kompetitiv ze maachen, misst manner reguléiert ginn. Och d'Satellitte-Produktioun vun der SES war een Thema.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pierre Reyland
(Foto: Pierre Reyland)

De CEO vum Satellittebedreiwer SES huet confirméiert, datt d‘SES en Deel vun der Satellitte-Produktioun op Lëtzebuerg wëllt bréngen. Et wier ze deier a géif ze laang daueren, fir d‘Produktioun weider komplett ze outsourcen, sot de CEO vun SES, den Adel Al-Saleh, a senger Ried. Den Ament géif et fënnef bis siwe Joer dauere fir e Satellit ze entwéckelen. 

Neie Space-Campus op der Kockelscheier

Esou kéint een net iwwerliewen, esou den Adel Al-Saleh. D'Käschte missten ëm iwwer 50 Prozent reduzéiert ginn. 

D‘SES géif d‘Kontroll iwwer hir Liwwerketten iwwerhuelen a géif zu Lëtzebuerg Produktiounscapacitéiten opbauen. Et wier amgaangen déi dofir néideg Talenter unzezéien.

Am Fréijoer wéilt d’SES en Entwécklungs-Labo um neie Space Campus op der Kockelscheier opmaachen.

Manner Regulatioun, méi Kompetitivitéit 

De FEDIL President Georges Rassel huet a senger Ried méi Deregulatioun gefuerdert, fir d’Betriber méi kompetitiv ze maachen.

De Premier Luc Frieden huet proposéiert, datt Regierung sech eng vun den Entreprisen zesummegestallte Lëscht vu Regulatiounen ukuckt, fir verschiddener dovun eventuell unzepassen.

2026 - d'Joer vun der Kompetitivitéit 

All regulatoresch Legislatioun wier ëmmer gutt gemengt, mee wann all d‘Regulatiounen zesummekommen oder ze vill ënnerschiddlech sinn, kéint d'Regulatioun zu enger Laascht ginn. An déi kéint déi ekonomesch Entwécklung an d'Kompetitivitéit behënneren, esou de Premier.

D'Kompetitivitéit wier d'Prioritéit fir d'Joer 2026. 

play_arrow Lauschteren