Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Peter Bjorn And John - Young Folks

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ FBI mellt weidert versichten Attentat op den Donald Trump

Florida

FBI mellt weidert versichten Attentat op den Donald Trump

Den Donald Trump huet héchstwarscheinlech en zweet Attentat iwwerlieft. Den FBI geet no de Schëss am Entourage vum Donald Trump gëschter vun engem presuméierte geplangten Attentat op den Ex-President aus.

auto_stories

1 min

Donald Trump | © picture alliance / NurPhoto | Melissa Bender
Foto: picture alliance / NurPhoto | Melissa Bender

Beim Donald Trump sengem Golf-Club a Florida hat e Mann mat engem Gewier sech an den Hecke verstoppt. Et géif e staarke Verdacht bestoen, datt hien op den Donald Trump schéisse wollt, esou den FBI. E Member vum Sécherheetsservice hätt d‘Gewier gesinn an op dee Verdächtege geschoss. Dee wier du mam Auto fortgerannt a spéider festgeholl ginn. 

Den Donald Trump huet Solidaritéitsmessagen aus Israel kritt, Den israeelesche Ministerpresident Benjamin Netanjahu huet op X geschriwwen, datt hien a seng Fra schockéiert wieren iwwert dëst zweet Attentat, an datt si erliichtert wieren, datt et och rëm mëssgléckt wier.

Den ukrainesche President Selenskyj huet all Form vu politescher Gewalt verurteelt. Den neie brittesche Premier Keir Starmer sot, hie wier ganz beonrouegt. De Kreml gesäit am presuméierten Attentatsversuch eng Intensivéierung vun der Walcampagne.

Den Elon Musk, och e fervente Supporter vum Donald Trump, huet mat engem provokante Bäitrag reagéiert. De Post ass kuerz drop awer rëm geläscht ginn. Den Tech-Milliardär hat op X geschriwwen: "An et probéiert mol keen, Biden/Kamala ze ermorden."

Réischt Mëtt Juli war de republikanesche Presidentschaftskandidat bei engem Walkampf-Event am Bundesstaat Pennsylvania vun enger Kugel um Ouer getraff ginn.