search

/ FBI bestätegt: Nordkorea stécht hannert Hackerugrëff op Plattform fir Kryptosuen

International

|
reading time

1 min

FBI bestätegt: Nordkorea stécht hannert Hackerugrëff op Plattform fir Kryptosuen

Déi amerikanesch Plattform fir Kryptowärung "Binance" huet hire Betrib nees opgeholl. D’Plattform war Affer vun engem Hackerugrëff an héicht vun 6,3 Milliarden US-Dollar ginn. Wéi den FBI elo confirméiert, stécht Nordkorea hannert dësem Piratage.

reading time

1 min

© picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes
(Foto: picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes)

Den amerikanesche Geheimdéngscht betätegt, datt Nordkorea hannert dësem milliardeschwéieren Hackerugrëff stécht. Binance ass déi gréisste Plattform fir den Echange vun digitale Wärungen. D'Plattform selwer seet 335 Milliounen Notzer:innen ze hunn.

Mat Hëllef vun aneren Acteuren aus dem "Krypto-Ekosystem" wier et der Plattform gelongen de Gros vun de geklaute Verméigenswäerter ze recuperéiere, an esou 90 Prozent vum Montant rëm hierzestellen.

Experte warne schonn zënter längerem, datt d'Kënschtlech Intelligenz "d'Kryptografie" verännert an IT-Sécherheetskontrollen déi den Ament en Place sinn net méi duer ginn. 

Nordkorea bilt Kanner geziilt zu Hacker aus 

Schonn zënter Jore géifen Hacker am Optrag vu Pjöngjang agéieren, a virop Kryptofirme viséieren. Nord Korea géif Leit eenzeg an eleng fir deen Zweck ausbilde loossen. Kanner déi e besonnescht Talent an der Mathé hunn, géif schonn a jonke Joren dofir op Elite-Schoulen geschéckt ginn. Dat schreift "d'Neue Zürcher Zeitung am Sonntag“. 

Den Hackergrupp dee fir de Piratage vun de Kryptowärungen zoustänneg ass, soll zum Grupp "Lazarus" gehéieren. Hacker vun deem Grupp haten am Joer 2014 Sony Pictures Entertainment gehackt, nodeems dës de satiresch Film: The Interview, iwwer Nord Korea publizéiert haten.