Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Ezra Collective – Dance, No One’s Watching: D'Welt danzt

Album vun der Woch

Ezra Collective – Dance, No One’s Watching: D'Welt danzt

Eisen Album vun dëser Woch ass eng Jazz-Fusion Plack. Si dréit sech ganz ronderëm den Danz, an danzt dobäi selwer. Danz verbënnt, an dat op vill Manéieren.

auto_stories

5 min

Foto: Ezra Collective / Bandcamp

E verbënnt Kulturen, hei representéiert duerch déi verschiddenst Aflëss an der Musek. Den Jazz ass jo selwer schonns eng Mëschform, deen den Deplacement an d’Mëschung vu Kulturen a sech dréit. Dobäi mëschen den Ezra Collective nach klassesch Straicher, déi haaptsächlech a klengen Interluden, zum Droe kommen, an och Afro-Beat wéi de Fela Kuti, den Tony Allen a all hir Frënn en deemools zu Lagos gespillt hunn.

Danze verbënnt

Danze Verbënnt awer net nëmme Gruppe vu Leit, mee och eenzel Leit. Mol a glécklech-ausgeloossene Momenter wéi op engem Karneval, mol a ganz enkem, vill méi duusse Kontakt op enger Danzpist. Net fir näischt heescht ee vun deene gréissten Jazz-Standarden “Cheek to Cheek”, a geet iwwert d’Danze mat sech beréierende Baken. Et gëtt och d’Eleng-Danzen doheem beim Spullen, a frenetescht, opgereegten Danzen, wann et engem emol net esou gutt geet. Eng vun de Stäerkte vum Ezra Collective hirer Plack, ass et, all des Facettë vun der Beweegung op Musek anzefänken, auszedrécken, an z’encouragéieren.

Mee wien ass iwwerhaapt den Ezra Collective? Als éischt emol d’Bridder TJ a Femi Koleoso, déi d‘Rhythmussektioun stellen - den TJ um Bass an de Femi op der Batterie. Soss nach fest Membere vun der Band sinn zwee Blechbléiser: den Ife Ogunjobi op der Trompett an den James Mollison um Tenorsaxophon. Op der Plack si méi Bléiser ze héieren, mee genee dofir gesäit d’Band sech als Kollektiv, weider Museker kommen a ginn, wéi et hinne léif ass. Net ze vergiessen, de 5. Member vum Kärquintett, den Joe Armon-Jones, een Tastendänzer mat groussem Fangerspëtzegefill, deen um Piano, elektresche Pianoen a Synthesizer Hand uleet.

Jazz muss net elitär sinn

Wichteg ass deene Fënnef, datt hiren Jazz fräi vun Nostalgie an och vu Purismus ass. Ze vill gëtt hirer Meenung no den Jazz musekaliséiert, wat der Musek vun haut villäicht kee Gefale mécht. Firwat muss ee sech ëmmer un de Meeschtere vun der Vergaangenheet moossen, oder si esouguer iwwertreffen? Et ass wéi beim Danzen, dat géif ee jo just crispéieren, an de Floss vun der Musek a vun der Beweegung stéieren.

An dann ass do nach de Purismus, dee realitéitsfriem an onzougänglech Musek ervirbrénge géif, bei där ee muss een Ofschloss an der Musikologie hunn, fir matzekommen. Wéi den Drummer Femi Koleoso eemol an engem Interview met den New York Times sot: “Ech hunn den Jazz als eng elitär Konschtform gesinn, zu där ech keen Zougang hat”. Schéin, dass hien deen Zougang awer fonnt huet, och wann hien a seng Kumpane soss éischter e Faibel fir Pop Musek hunn - d’Musek vun der Strooss an d’Musek vu Jidderengem.

Dem Ezra Collective seng Diskografie ass bis elo nach kuerz – dräi Albumen hunn si a 5 Joer erausbruecht… dat ass vill, wann nee bedenkt, datt déi meescht Memberen och nach a villen anere Projete riets a lénks opdauchen, ze vill fir se hei all opzezielen.

D‘Liewensfreed gewënnt

Deen éischte vun deenen Albumen huet “You Can’t Steal My Joy“ geheescht, Anno 2019. Den Numm war Programm, déi reng Freed, een neie Projet unzefänken, a mat Musek senger Freed Ausdrock ze ginn. “Where I’m Meant To Be” 2022 huet den Jazz zeréck op d’Strooss bruecht, an an di mënschlech Communautéiten. Zesummenaarbechte mat Rapper an Hip-Hop-MCs fënnt een op deenen zwou Placken, ënnert Anerem ee fantasteschen Titel mam Loyle Carner, deen och hei schonns Album vun der Woch war, mee och d’Sampa Tembo alias Sampa the Great an de Kojey Radical.

Op dëser drëtter Plack passt Spriechgesang villäicht manner, oder a méi klenge Moossen. Beim Danze séngt een éischter, wéi datt ee schwätze géing. Dofir ass nëmmen deen urbansten Track op der Plack, deen op Rap setzt. An am Ganze sinn 3 Songs of der Plack, mat Gaaschtstëmmen, déi vun Häerzen ausgesicht goufen.

Ob deem schéinen, lëftegen “God Gave Me Feet For Dancing”, engem vun deene stäerksten Titelen op der Plack, ass et d’Yazmin Lacey, déi hir Stëmm léint. D’Soul-Sängerin a Lidderschreiwerin fänkt u mat enger Referenz op dem Gershwin säi „Summertime“ a feiert duerno mat onugestrengter, mee beweeglecher Stëmm hir Léift fir alles wat schéin um Liewen ass, a wat een zum Danze bréngt.

D‘Strooss rifft!

Op “Streets Is Calling” deelen eng Rapperin an e Rapper sech d’Stëmmparts, de M.anifest, deen aus dem Ghana kënnt an an de Vereenegte Staat wunnt, an d’Moonchild Sannelly, eng kontrovers mee engagéiert Funk- a Sex-ikon vun Durban, Südafrika, déi och scho vun der Beyonce zum Zesummeschaffen ageluede gi war. Deenen zwee hir Flows danzen hei op ee minimalistescht Skelett aus perkussivem Rhythmus, Bass a Bléiser, déi iwwregens mat engem Filter wéi ee Sample klénge gedoe ginn.

Direkt duerno kënnt ee vun deene romantesch kléngende Straicherinterluden, déi verschidde Kritiker, notamment den Ammar Kalia vum Guardian, léiwer besser an d’Musek integréiert gesinn hätten. Den Iwwergang vum éischter plakegen “Streets Is Calling” heescht hei “lights on”, a mécht d’Luuchten u fir dat boopegt “Why I Smile”, an deem den Armon Jones sëch um Clavier austoobt, wéi dir am Hannergrond héiert. Menger Meenung no perfekt.

An dat ass net deen eenzegen instrumentalen Track op der Plack, deen een trotz dem Feele vun der mënschlecher Stëmm esou richteg paken a mathuele kann. Mat “The Herald”, “Expensive” an “Ajala” sinn direkt dräi Afro-Beat Banger drop, bei deenen et schwéier ass, roueg sëtzen ze bleiwen. Anscheinend heescht Ajala an enger vun deene ville westafrikanesche Sproochen esouguer een deen net roueg sëtze kann, an och een deen d’Schicksal dréit, ee stuere Widersacher an d’Knéien ze zwéngen.

Ee vu menge perséinleche Favoritten ass N29, benannt no enger Londoner Busroute, an e perfekte ChillOut Track fir nom Danzen, op deem de Wurlitzer ronderëmdrift a pärelt wéi de Reen op de Fënsterscheiwen.

“Dance, No One’s Watching” ass eng Plack fir jiddereen, dee Musek gär huet an näischt géint Jazz huet, esou einfach ass et. Trotz deels immens virtuosem Spill vun de Museker sinn et d’Stëmmungen, an de viven Esprit vun der Plack, déi verféieren, an een ëmmerhi mëttelschwéieren Zougang bidden zu enger Musek, déi vill vun eis mat Zigar a Cognac zu spéider Stonn verbannen. Déi hei kann een awer och am Auto oder beim Botze lauschteren, a wann een dann e Fanger, e Fouss oder esouguer zwee ganz Been ufänke mat schwéngen, dann huet een d’Saach verstanen.