Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, datt bis elo misst telefonéiert oder e Mail verschéckt ginn, wann ee wéilt op eng bestoend Offer zeréckgräifen. Dat wéilt een elo änneren.
"Well mer all extern Aktivitéit, déi an der Grondschoul ugebuede ginn, op enger Onlineplattform, nämlech Extraklass, presentéieren. Wou et dann och ganz einfach ass, sech ze informéieren. Awer grad esou einfach ass och do ze buchen, e Rendez-Vous auszemaachen."
Well déi Offere vun der Zivilgesellschaft ugebuede ginn, sollen d'Schüler:innen d'Méiglechkeet kréien, méi gesellschaftlech relevant Theemen unzegoen, esou de Claude Meisch.
Alles op enger Plaz bündelen
All d'Offere musse vum Educatiounsministère validéiert ginn. Déi Offere besti schonn, awer op diversen Internetsäiten. Mat der Plattform "Extraklass" probéiert een elo déi ze bündelen, erkläert de Luc Belling vum Script.
“Dat ass esou, datt mer haut scho ganz vill verschidde Plattformen hunn, wou ee Saache fënnt. Et komme Flyeren an d'Schoulen, et komme Mailen eran. An an Zukunft soll wierklech alles op Extraklass rassembléiert ginn."
D’Plattform ass an éischter Linn fir Enseignanten aus de Grondschoulen an de Lycéeë geduecht.
Nei Partner dobäi kréien
Där extern Partner ginn et der och schonn eng Rëtsch. Ee Beispill wieren d’Jonk Entrepreneure mat hirem Projet vun de Mini-Entreprisen an de Lycéeën. Mat der “Extraklass” wëll een déi Partner elo all op enger Platz sammelen.
“Dat si ganz dacks ASBLen, dat sinn ONGen, dat sinn awer och zum Beispill kulturell Institutiounen. Mir hu ganz vill Muséeën am Land, déi Offeren ubidde bei sech. Mir hunn Theateren.”
Mat der “Extraklass” wëll een awer net nëmmen déi scho bestoend Partner zesummekréien, mee och weiderer dobäi kréien. Domat sëtzt een um neie Léierplang un, dee vun der nächster Rentrée u gülteg gëtt. Et wëllt een nämlech méi Theemen, déi no un der Gesellschaft sinn, de Schülerinnen a Schüler méi no bréngen, esou nach de Luc Belling.
Online oder och iwwer eng App sollen d’Enseignanten da vun der nächster Rentrée u kënne vun der neier Plattform profitéieren.