De Buergermeeschter vu Léck, de Willy Demeyer, huet vun engem "extrem gewalttätegen Akt vun Antisemitismus" geschwat an d'Dot verurteelt.
De Responsabele vun der jüddescher Organisatioun an der Belsch (CCOJB), den Yves Oschinsky, sot, et wier een "äusserst beonrouegenden a schwéieren antisemitteschen Akt". Dat melle belsch Medien.
D‘Hannergrënn sinn nach net bekannt. E Sécherheetsperimeter gouf ronderëm d‘Synagog opgeriicht. Eng Enquête leeft.