Zum Vott iwwer de Projet d’aménagement général, am Virfeld vun deem iwwer de Plan d’aménagement général, wier en Affekot gefrot ginn, ob hien als Buergermeeschter dorun deelhuelen dierft. Den Affekot, Spezialist am Verwaltungsrecht, hätt Jo gesot.
Eng flott Aarbecht fir e Léierbouf
E schrëftlechen Avis dozou géif et wuel net ginn, huet de Me Rosario Grasso, Affekot vum Roberto Traversini, gemengt. Zum Reproche, e Stagiaire hätt an der Schaffzäit d’Pläng vum Gaardenhaischen a vum Haus vun der Liewenspartnerin gezeechent, sot den Ex-Deputéierten, fir de mat ugeklote Chef vum Service technique wier dat eng flott Aarbecht fir de Léierbouf gewiescht.
Am Nachhinein hätt hien do e Büro solle froen, huet de Roberto Traversini erkläert.
Net gewosst, datt een eng Autorisatioun bréicht
Wat de Contrat de bail fir d’Haus vun der Liewenspartnerin ugeet, wier deen am Comité vum Syndicat intercommunal Kordall decidéiert ginn. Hei hätt hien, als President vum SIKOR, un d’Allgemengheet geduecht, an net u seng Liewenspartnerin.
Beim Uschloss vum Gaardenhaischen un de Kanal dann hätt hien d’Keess vun der Gemeng am Kapp gehat, obwuel d’Haus seng Proprietéit war. An datt hien eng Autorisatioun gebraucht hätt, fir Buedem ronderëm d’Gaardenhaischen ewechzehuelen, hätt hien net gewosst.
Haut géif hie verschidde Saachen anescht gesinn a wéilt fir seng Feeler riicht stoen.
Loyer zeréckbezuelt
De fréiere Chef vum Service technique sot, hien hätt kee Problem dora gesinn, datt de Stagiaire déi zwee Hauspläng zeechne sollt. An d’Liewenspartnerin huet a Saache Contrat de bail mam SIKOR gesot, si hätt zwee Méint Loyer kritt, de Projet dunn allerdéngs si gelooss an d’Loyeren no 3 Wochen zeréckbezuelt.
Dono wier een ëmmer méi schlau, esou d’Fra: "Dat héiere mir hei méi dacks", war d’Äntwert vum President vum Geriicht dorop.
Haut um Mëttwochmoie kënnt et zum Réquisitoire vum Vertrieder vum Parquet.