Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ex-Arméicheff Alain Duschène wéinst Homicide involontaire beschëllegt

Munitiounsongléck um Waldhaff

Ex-Arméicheff Alain Duschène wéinst Homicide involontaire beschëllegt

De fréiere Chef d‘État Major Alain Duschène gouf dem Lëtzebuerger Wort no wéinst Homicide involontaire, respektiv onfräiwëlleger Kierperverletzung beschëllegt. Dat an Zesummenhang mam déidleche Munitiounsonsgléck viru fënnef Joer um Waldhaff.

auto_stories

1 min

Alain Duschène | © SIP
Alain Duschène (Foto: SIP)

Nieft dem fréieren Arméi-Chef wieren zwee Membere vum Sedal, dem Deminage Service vun der Arméi, beschëllegt ginn. De Parquet hätt dat confirméiert, ouni awer Nimm ze nennen, esou d‘Wort.

Eng Granat aus dem Zweete Weltkrich war deemools am Arméilager um Waldhaff explodéiert. Zwee Membere vun der Arméi hirem Deminage-Service Sedal koumen ëm d‘Liewen, an zwee weider Zaldote gouf blesséiert. Een dovu liewensgeféierlech.

D‘Enquête, wéi et zu där Explosioun konnt kommen, wier fënnef Joer drop scho wäit fortgeschratt, mee nach net fäerdeg, sou d‘Wort.