Radioen

On air

Al Schanken  |  Alain Bashung - Bijou, Bijou

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament stëmmt fir d‘Recht op Reparatur

Europaparlament

Europaparlament stëmmt fir d‘Recht op Reparatur

D‘Europadeputéiert komme fir eng lescht Plenarsëtzung virun den Europawalen zesummen. Um ordre du jour stinn eng ganz Partie Ofstëmmungen iwwer legislativ Texter. Ënner anerem d‘Parlament sech mat grousser Majoritéit fir ee Recht op Reparatur ausgeschwat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: European Union

Mam Recht op Reparatur sinn nei Reegele gemengt, deenen no een Hiersteller d’Apparater, déi e verkeeft muss ënner bestëmmten Ëmstänn reparéieren. Betraff sinn an enger éischter Phas Frigoen, Handyen a Staubsauger. Wann also esou een Apparat futti geet, muss den Hiersteller eng Reparatur virgesinn.

Zil ass et, manner Dreck ze produzéieren a Ressourcen ze verbrauchen. Den Ament ass et dacks méi bëlleg een neien Handy ze kafen, wéi ee futtisse flécken ze loossen.

Och wann d‘Garantie ofgelaf ass

Elo awer kréien d’Hiersteller kloer Reegele mat op de Wee, heescht et vum René Ripsasi an der Plenière. Den däitsche Sozialdemokrat ass Rapporteur an deem Dossier vum Parlament.

“Wir machen Reparaturen während der gesetzlichen Gewährleistungspflicht attraktiver, indem wir die Frist um ein Jahr verlängern, wenn sich der Verbraucher oder die Verbraucherin für die Reparatur entscheidet.“

Dobäi kéim d‘Flicht fir den Hiersteller, och mussen ze reparéieren, wann d‘Garantie ofgelaf ass. An zwar esou laang wéi een Apparat dem EU-Recht technesch als reparabel gëllt.

Reparaturbetriber fërderen

Den Zougang zu Informatiounen iwwer d‘Produite soll och verbessert ginn. Iwwer dee Wee sollen onofhängeg Reparaturbetriber gefërdert ginn an dofir gesuergt ginn, datt ëmmer méi Apparater kënne gefléckt ginn.

D’Lëscht vun de Produiten, déi ënnert déi nei Reegel falen, ka vun der Europäescher Kommissioun erweidert ginn. D’Reegele sinn een éischte Schratt, seet dowéinst den LSAP-Europadeputéierte Marc Angel.

Ekodesign-Direktiv: Méi nohalteg Produiten

Hien erënnert drun, datt d’Parlament mat der Ekodesign-Direktiv ee weidert Gesetz gestëmmt huet, wat Produite méi nohalteg mécht.

"A mir hu jo och dofir gesuergt, an Europa, datt déi agebauten Obsolescence, also datt eppes agebaut gëtt, wat futti geet, do hu mer jo Mesurë geholl, datt dat méi streng gehandhaabt gëtt."

Fir sou Produiten dierf keng Reklamm méi gemaach ginn. Et hätt ee se gäre ganz verbueden, „mee mir hunn hei staark Lobbyen“, esou de Marc Angel. Et wier awer ee gudden Ufank.

D’EU-Memberlänner mussen déi nei Reegelen nach hirersäits adoptéieren. Dat awer gëllt als Formsaach.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa