search

/ Europäesch Zentralbank: Christine Lagarde trëtt virzäiteg als Presidentin zréck

Europa

|
reading time

2 min

Europäesch Zentralbank: Christine Lagarde trëtt virzäiteg als Presidentin zréck

D‘Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde wäert hire posten den 7. Februar vum nächste Joer op ginn, dat ass ronn néng Méint éier hiert Mandat ofleeft. Haut soll d‘EZB zu Frankfurt iwwert d‘Leetzënsen an der EU beroden.

reading time

2 min

© EPA/MATIAS BASUALDO
(Foto: EPA/MATIAS BASUALDO)

D‘Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde wäert hire Posten fréizäiteg opginn, dat de 07. Februar d‘nächst Joer. Hiert Mandat wier eigentlech nach bis Enn Oktober d‘nächst Joer gaangen.

D‘Christine Lagarde huet de Moien de Conseil vun der Zentralbank an den EU-Conseilspresident Antonio Costa doriwwer informéiert. Grënn fir hire Récktrëtt huet d‘Cheffin vun der Europäescher Zentralbank net genannt, och net, wat si elo wëlles huet. Hiere Successeur gëtt vum europäesche Conseil nominéiert. 

Récktrëtt kennt net iwwerraschend

De Récktrëtt kennt net iwwerraschend. Et ware scho Rumeure ginn, datt déi franséisch Presidentin vun der EZB zrécktriede wéilt. Wéi verschidden international Medien mellen kéint hire Récktrëtt an Zesummenhank mat de Wale, a Frankräich an Däitschland, d'nächst Joer stoen.

D'Financial Times hat schonn Uganks vum Joer geschriwwen, datt Christine Lagarde sech warscheinlech virun de Presidentiellen a Frankräich zréckzéien wäert. Dat wéinst der Suerg, datt d'Marine Le Pen vum RN gewanne kéint. Mat euro-kritesche Stëmmen un der Muecht, kéint et méi schwéier ginn eng nei Spëtzt vun der EZB ze wielen, schreift d'Financial Times. Frankräich ass déi zweet gréissten Ekonomie an Europa. 

Haut soll d‘EZB zu Frankfurt iwwer d‘Leetzënsen an der EU beroden. Analysten ginn dovunner aus, datt haut näischt un den Zënsen wäert geännert ginn an, datt den Haaptleetzëns deemno bei 2,5 Prozent wäert bleiwen.