D’Thema war do, op Demande vun der LSAP Fraktioun, d’Prise en charge an den Hebergement vu Persounen déi hei am Land internationale Schutz ugefrot hunn.
Leit, déi hir Demande fir den Asyl refuséiert kréien, kënnen aktuell Asproch erhiewen. Do kann da vum Inneminister decidéiert ginn, ob déi Entscheedung esou soll bleiwen oder op een awer am Land dierf bleiwen. D'LSAP fuerdert fir besonnesch Asylfäll eng Härtefällkommissioun. Am Koalitiounsaccord vun der Regierung gouf festgehalen, datt iwwert eng Härtefällkommissioun soll nogeduecht ginn.
"Kee Modell fir Lëtzebuerg"
Schonn am Juni zejoert hat den Inneminister Léon Gloden an der Chamber matgedeelt, datt esou eng Kommissioun hei am Land viraussiichtlech net soll agefouert ginn. Och haut ass den CSV-Minister der selwechter Meenung.
“Ënnert der Regierung Asselborn waren si esou e Modell an Däitschland kucken. An do waren si och schonn zur Schlussfollgerung komm, datt dat am Fong kee Modell wier fir Lëtzebuerg. Well do hëlt d'Kommissioun d'Decisiounen. An ech menge mir hunn hei eng Opstellung zu Lëtzebuerg, déi huet d'Parlament, déi huet d'Regierung déi Decisioun vun der Chamber exekutéiert.”
Kann ëmmer virkommen, datt eng Persoun "duerch de Raster fält"
Aktuell gi Regulariséierunge vum zoustännege Minister decidéiert. Fir de Léon Gloden kann alt emol virkommen, datt eng Persoun "duerch de Raster fält".
“Mir hunn am Gesetz eng Rei Krittären, déi mir et erlabe Regularisatioun ze maachen. A fir mech sinn d'Krittäre ganz kloer, wann eng Persoun, déi duerch de Raster gefall ass, dat kann ëmmer erëm geschéien da regulariséiere mir.”
Den Inneministère géif sech e puer Mol am Joer mam Forum des ONGs zesumme setzen. Déi ONGe géife Fäll matbréngen an do géif dann iwwer d’Regulariséierung vun deene Fäll geschwat ginn. Et géifen och eenzel Leit den Inneminister kontaktéiere fir Asproch ze erhiewen. Zejoert wieren eng 100 Persoune regulariséiert ginn.
Marc Baum: Härtefällkommissioun méi sënnvoll wéi "d'Willkür vum Minister"
De lénken Deputéierte Marc Baum fënnt awer, datt dës Entscheedung net vun engem eenzelne Minister sollt ofhänken.
“Ech sinn awer e bëssen erféiert doriwwer, datt einfach d'Iddi vun enger Härtefällkommissioun komplett ausgeschloss gëtt. Mir mengen, datt et do vill méi sënnvoll wier, amplaz dat der Willkür vun engem Minister ze erloossen, do wierklech eng Härtefällkommissioun soll kënne statuéieren doriwwer no transparente Krittären.”
D’Claire Delcourt vun der LSAP betount, datt den Inneminister net déi nämmlecht Astellung hätt wéi de Familljen- an Integratiounsminister, Max Hahn. Dee wier nämlech am Géigesaz zum Inneminister gewëllt d’Leit ze empfänken.
De Léon Gloden betount am 100,7-Interview, datt hien ganz zefridde wier wat d’Zesummenaarbecht mam Forum vun den ASBLen ugeet.