Am leschte Wanter gouf hei am Land 28 Prozent manner Gas verbraucht, wéi an der Referenzperiod 2017 bis 2022. Am November an Dezember d’lescht Joer gouf nach all Kéier ronn ee Fënneftel (21 Prozent) manner Gas verbraucht.
Nohaltegkeet beim Spueren
D’Energiekris hätt dozou gefouert, datt souwuel d’Leit wéi och d’Entreprisë fir d’Theema Energie sensibiliséiert gi wieren, erkläert de Regierungskommissär Simeon Hagspiel.
"An an der Suite do wierklech gekuckt hu wat ass méiglech fir mech, wou kann ech Energie spueren, wëssend, datt et ebe gutt ass, an deenen Dimensioune Bezuelbarkeet, dat heescht och am Portmonnie, awer och nohalteg a versuergungssécher. An dowéinst ass eis Analys, datt effektiv mir do eng gewëssen Nohaltegkeet do wierklech kritt hunn am Beräich Energiespueren."
Well et weder ee gliesene Bierger, nach déi gliesen Entreprise gëtt, kéint een awer net ganz genee analyséiere, wéi eng Energiespuermoossname besonnesch vill bréngen.
"Dat heescht, mir wëssen net ganz am Detail, wat Jidderee mécht. Grondsätzlech kann een awer soen, datt natierlech grad den Hëtztberäich bei de Menagen ee ganz groussen Undeel awer ausmécht beim Energiekonsum. An do menge mir schonn, datt virun allem och eng relativ einfach Mesure – nämlech déi ,d’Temperatur erof ze reegelen am Wanter – immens efficace ass. Also et seet een ëmmer, datt ee Grad erof do schonn zu dräi bis fënnef Prozent Aspuere féiere kann, an dat mécht natierlech séier vill aus."
Am enken Austausch mam Ministère
Wat d’Entreprisen ugeet, wier et nach méi schwéier ee komplett Bild ze kréien, erkläert de Simeon Hagspiel. De Ministère wier awer an engem enken Austausch mat de Betriber, fir d’Situatioun kënnen nozevollzéien.
"Wat mir gesinn ass effektiv an deene leschte Méint, soll heeschen November an Dezember 2023, mir bei enger Aspuerung vun tëschent Minus 30 a Minus 40 Prozent eis beweegen, par Rapport zu deene Jore virdrun. Dat heescht mir hunn do e bësse méi Consommatioun erëm wéi am Wanter virdrun. Wat sécherlech och doduerch ze erklären ass, datt d’Energiepräisser jo an der Tëschenzäit och erëm erof gaange sinn."
Energiespuere mécht Lëtzebuerg méi onofhängeg: dat war ee vun de Message virun zwee Méint am offizielle Video vun der neier Regierungscampagne: “Kleng Handgrëffer hunn ee positiven Impakt.”, huet et do geheescht.
Rappeller si weider sënnvoll
Esou Campagnë wiere wichteg, fir datt d’Leit, d’Entreprisen an den ëffentleche Secteur um Ball géife bleiwen, seet dozou de Regierungskommissär fir Energie. An et geséich een dobäi eng ganz gutt Kontinuitéit, betount de Simeon Hagspiel.
"Et gëtt do verschidden Indicen dofir, zum Beispill iwwert d’Demandë vu Subsiden am Beräich vu Photovoltaik, vu Wärempompelen oder och fir Energieberodunge bei der Klimaagence."
Wat d’Energiespueren ugeet ass de Regierungskommissär der Meenung, datt d’Leit d’Messagë verstanen an ofgespäichert hätten.
"Mee kloer, deen een oder anere Rappel zu engem sënnvollen Zäitpunkt ass sécherlech nëtzlech."