Radioen

On air

Spektrum  |  Overmono - Good Lies

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Et feelt un Assistant-sociallen

Eng grave penurie

Et feelt un Assistant-sociallen

De Beruff vum Assistant Social wier a Gefor, warnt d‘Associatioun vun de Sozialaarbechter an engem Schreiwes a schwätzt vun enger graver Penurie déi sech an de leschte Joren zu Lëtzebuerg entwéckelt hätt. De President vun der ANASIG huet an deem Kontext d‘Doleancen a Revendicatioune vun der Associatioun formuléiert.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Andreas Arnold play_arrow
De Mangel u Sozialaarbechter mécht sech um Terrain bemierkbar. (Foto: picture alliance/dpa | Andreas Arnold)

D’ADEM hätt an enger rezenter Publikatioun drop higewisen, datt et ee Mangel u Sozialaarbechter géing ginn, seet de Fabrice Mousel. Dee Mangel géing sech och um Terrain bemierkbar maachen.

"Um Terrain mierkt een halt, datt ebe ganz vill Kolleegen eben och keng Méiglechkeet hunn op den Terrain ze goen, datt ganz vill Kolleegen och méi schnell schaffen, well se extrem vill Aarbecht hunn, extrem vill Ufroen hunn. An ech mengen, dat ass effektiv eppes, wat och fir déi, déi d‘Aarbecht maachen, net onbedéngt evident ass."

Vill Sozialaarbechter géingen an d’Pensioun goen. Op der anerer Säit géingen der och méi gebraucht ginn, well d’Gesellschaft ëmmer méi komplex géing ginn, mengt de President vun der Associatioun. Aktuell zielt d’ANASIG ronn 150 Memberen. Wéi vill Sozialaarbechter wierklech zu Lëtzebuerg schaffen, konnt hien eis net soen. Dat, well de Register vum Gesondheetsministère net à jour wier.

"D'Schwieregkeet vun deem Register ass, datt ebe bis 2018 d'Patronen ëmmer selwer hir Mataarbechter gemellt hunn, a mir hunn als ANASIG eben iergendwéi op eemol stillschweigend gemierkt, datt een anscheinend dann elo aus Dateschutzgrënn da misst selwer maachen."

De Fabrice Mousel ass President vun der ANASIG. | © Marlène Clement
De Fabrice Mousel ass President vun der ANASIG. (Foto: Marlène Clement)

D'Uni huet limitéiert Plazen

D’ANASIG wënscht sech fir d’Zukunft eng besser Gestioun vun deem Register. Weider bräicht et eng administrativ Vereinfachung. Och bei der Ausbildung misst nogebessert ginn, fuerdert de President Fabrice Mousel. Trotz der Penurie géing d’Uni Lëtzebuerg eng Partie Kandidature fir de Bachelor a Sciences Sociales net zeréckbehalen, well se déi néideg Moyenen net hätt.

"Also ech weess, datt d’Uni oft ee Fënneftel oder souguer ee Véierel deelweis Leit muss refuséieren. Leit, déi dee beruff gäre géife maachen."

D’Uni Lëtzebuerg äntwert op eis Nofro hin, datt wéi bei anere Studiegäng och, nëmmen eng gewëssen Unzuel u Kandidature kéint zeréckbehale ginn, fir d’Qualitéit vum Programm net ze beanträchtegen. Déi Studentinnen a Studenten, déi am villverspriechendste wieren, géingen erausgesicht ginn.

D’Uni Lëtzebuerg wier oppe fir Gespréicher iwwer Méiglechkeete fir d’Offer vum Bachelor a Sciences Sociales an Zukunft weiderzëentwéckelen a gläichzäiteg d‘Qualitéit vum Programm ze garantéieren, heescht et nach an hirer schrëftlecher Reaktioun. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft