Nieft de lokale Butteker an der klenger Stiedchen, géif ganz villes eidel stoen zu Iechternach. Dat géifen och d'Clientë soen, esou d'Geschäftsleit vun Iechternach. Iwwer déi lescht Joren hunn ëmmer méi Butteker missen zoumaachen, well et sech net rentéiere géif.
Déi grouss Marke waarden een op deen aneren
2017 huet den deemolegen CSV-Buergermeeschter Yves Wengler de Projet vum City-Outlet proposéiert, Den aktuellen DP-LSAP-Gemengerot ënner der DP-Buergermeeschtesch Carole Hartmann féiert de Projet weider.
Et wéilt ee mat engem "Soft opening" ufänken, esou d'Carole Hartmann.
"Wou dann eng siwen, aacht Marke kommen. Et hänkt dovun of, wéini genuch Marken zesumme kommen. D'Marke komme gären als Grupp, si kommen net gären eenzel. Dat viséiere mir un. Ab Enn vun dësem Joer, voir d'nächst Joer, hoffe mir, datt mir éischt Outlet-Marke kënne begréissen."
Bei der Ëmsetzung hu verschidde Leit Bedenken
Virbäi déi zwee gréng Gemengeconseillere Christophe Origer a Carole Zeimetz. Et wiere schonn ze vill Sue verschwent ginn dofir, datt nach bal Näischt virzeweise wier. Bei deenen dräi Piliere vum Projet, d’Geschäftsfläch, d’Investisseuren, an déi international Marken, wier een nach wäit vum Zil fort.
Ausserdeem huet den externe Beroder vun der Gemeng gekënnegt.
"Mir hu weeder Marken, weeder Investisseuren nach Fläche genuch a mir ginn awer hin a mir verlängeren nach eng Kéier e Kontrakt ouni Marché-Public-Gesetzer ze respektéiere vun engem Beroder, deen nach eng Kéier soll tëschent 150.000 an 180.000 Euro fir dat Joer kréien."
Esou de Christophe Origer. Et wier ee schockéiert gewiescht.
"Um Enn vun der Aarbechtssëtzung si mir doriwwer informéiert ginn, datt dee Beroder op den 1. Mäerz, dat heescht zwee Méint nodeems säi Kontrakt gestëmmt ginn ass, mat Effet immediat gekënnegt huet vun deem Projet."
Den externe Beroder Thomas Immelmann aus Hamburg, deen d’Gemeng bei der Ëmsetzung guidéiere sollt, ass mat der Begrënnung, net méi un de Projet ze gleewen, zeréckgetrueden.
Vun 3.000 néidege Meterkaree sinn der 1.600 geséchert
D’Viraussetzunge fir eng erfollegräich Ëmsetzung wieren net erfëllt an d’Gemeng hätt net genuch fir de Projet gemaach. Aktuell huet just eng Mark der Gemeng eng Zouso ginn.
Bis zu aacht weider Marke wiere laut der Buergermeeschtesch interesséiert, mee géifen op d’Entscheedunge vun deenen anere waarden. D’Carole Hartmann seet och, datt d’Gespréicher mat verschiddene potentiellen Investisseuren amgaange sinn, mee si sech net konkreet dozou äusseren dierft.
Bei der Geschäftsfläch, wou 3.000 Meterkaree gebraucht ginn, fir datt sech de Projet rentéiert, sinn aktuell nëmmen 1.600 Meterkaree geséchert. Och do lafen der Buergermeeschtesch no aktuell eng Rei Verhandlungen, fir déi néideg verbleiwend Fläch fir de Projet ze sécheren.
CSV weiderhin optimistesch: Et wier ee bei 70 Prozent
De Conseiller Ricardo Marques, deem seng Partei CSV haut an der Oppositioun sëtzt, ass sech den Erausfuerderunge bewosst, mee gleeft awer weiderhin un de Projet. De Projet wier elo bei 70 Prozent ukomm. Et géif net méi vill feelen, fir de Projet ganz ëmzesetzen.
"Dat heescht, meng Analys ass déi, datt mir elo een neie Moment hunn, datt eisen Haaptberoder net méi do ass."
Et misst een elo d'Grënn kennen, fir ze analyséieren, firwat de Beroder ofgesprongen ass.
"Mee an aller Rou, fir datt mir an aller Rou kënnen awer och déi néideg Perspektiven, d'Conclusiounen treffen, wou mir elo nach musse weiderschaffen."
Hien ass optimistesch de City Outlet Projet ëmzesetzen.
Text a Reportage vum Luca Di Santolo