Radioen

On air

Mëttesrascht  |  K.O.G - Don't Take My Soul

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Et ass e Skandal, datt d‘Welt déi gréissten humanitär Katastroph kloer vernoléissegt"

Generalsekretär vum norwegesche Flüchtlingsrot

"Et ass e Skandal, datt d‘Welt déi gréissten humanitär Katastroph kloer vernoléissegt"

D'Kris am Sudan wier méi grouss ewéi d‘Ukrain, Gaza a Somalia zesummen, sou de Jan Egeland, Generalsekretär vum norwegesche Flüchtlingsrot bei enger Visitt a Refugiéslager am Sudan.

auto_stories

1 min

 Jan Egeland | © picture alliance / Photoshot | -
Foto: picture alliance / Photoshot | -

Hei wiere 24 Millioune Leit a Gefor. Si hätte mat enger grousser Hongersnout ze dinn, wiere verzweiwelt, hir Zivilisatioun géif virum Zesummebroch stoen, esou säin Alarm.

Am Sudan gëtt et zënter Abrëll 2023 e bluddege Muechtkampf – dee schonn 11 Millioune Leit an d‘Flucht gedriwwen huet. Den Egeland huet och d‘EU gewarnt, datt wann een dem Land net hëlleft, eng Refugiésbeweegung a Richtung Europa lass getruede géif ginn. 2015 haten esou schonn eng Millioun Mënschen aus der Regioun d‘Mëttelmier iwwerquéiert.