Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Divorce - Antarctica

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Telefonsgespréich tëschent russeschem an US-amerikaneschem Verdeedegungsminister

Fir Eskalatioun ze vermeiden

Telefonsgespréich tëschent russeschem an US-amerikaneschem Verdeedegungsminister

Fir weider Tensiounen z‘evitéieren, hunn de russeschen an den amerikanesche Verdeedegungsminister hënt mateneen telefonéiert. Wéi et vu Moskau geet, wier et dobäi ëm d‘Reduktioun vum Risiko vun enger méiglecher Eskalatioun gaangen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Photoshot
Den US-amerikanesche Verdeedegungsminister Lloyd Austin (Foto: picture alliance / Photoshot)

E Grond fir d‘Gespréich gouf net genannt, allerdéngs war elo um Bord vum NATO-Sommet bekannt ginn, datt d‘USA vun 2026 un nees wëlle Waffesystemer an Däitschland stationéieren, déi Russland kéinten erreechen. De Kreml gesäit dat als Bedroung un fir déi national Sécherheet an hat en Donneschdeg mat militäresche Konsequenze gedreet.